E risegt Wierk, gestréckt vum « Collectif au Carré »

RTL-Business 21.7.2021

« Une petite histoire de carrés » heescht en aussergewéinlecht Wierk, wat Dir vum 27. Juli bis de 14. August kënnt an der Belle Etoile entdecken.

Wann Dir dann zur Entrée Hobbi erakommt, da gesitt Dir e risegt Wierk, gestréckt vum « Collectif au Carré ». Et ass eng XXL-Kopie vum aussergewéinleche Bild « La Petite Histoire » vum Lëtzebuerger Moler Corneille Lentz (1879–1937) aus der Kollektioun vun de Stater Muséeën. D’asbl Mamie et Moi hat am Oktober 2020 en innovative, generatiounsiwwergräifende Projet « Collectif au Carré » lancéiert.

D’Iddi war eng riseg Kopie vun engem Bild zesummen ze maachen, trotz der sanitärer Kris. Aus dausende vun doheem gestréckte Quadrater konnt am Januar dunn e Puzzle an Ateliere fir all Alter erstallt ginn. Eraus koum e Wierk vun 1,50 op 2 Meter, aus 1.218 Quadrater vu 5 op 5 Zentimeter. Iwwer 600 Leit vu 17 verschiddenen Nationalitéiten hu matgemaach an am Ganzen 30.000 Quadrater gestréckt. Eleng an der Belle Etoile konnten 2600 Quadrater gesammelt ginn! Et koumen der och aus allen Härelänner : aus Frankräich, der Belsch, Italien, Portugal, Irland, der Tierkei, Tunesien, Russland a Brasilien.

Déi, déi net fir d’Bild gebraucht goufen, ginn an Ateliere ronderëm d’Ausstellung benotzt. Fir Pixel fir Pixel vun där grousser, gestréckte Kopie vum Bild « la Petite Histoire » ze maache gouf d’Technik vun der Pixellisatioun gebraucht, wou all Punkt Faarf mat engem Stoff-Carré vu 5 x 5 cm ersat gouf. Donneschdes den 29. Juli, de 5. an 12. August vun 14h00 bis 16h00 kënnen d’Kanner vun 3 Joer un un engem gratis Atelier an der Belle Etoile deelhuelen. D’Bénévole vun der asbl Mamie et Moi weisen hinne, wéi dat geet an een Erwuessene muss beim Kand derbäi sinn.

Méi Informatioune ginn et op www.collectifaucarre.lu an op www.mamieetmoi.lu.