Dat knaschtegt Waasser gëtt opgefaang an direkt am Camion gebotzt a recycléiert.

RTL-Business 21.7.2021

Sidd Dir genervt vun Algen an Dreck op Ärer Hausfassad an Dir wësst net wat Dir musst maachen? TAFF zu Beefort ass an deem Fall Äre kompetenten Uspriechpartner.

Nieft der Botz vun Terrassen aus Holz oder Steng ass TAFF och de Lëtzebuerger Spezialist fir eng professionell Botz vun enger Fassad. Et muss keng deier an opwänneg Stee opgeriicht ginn an duerfir sinn hir Botzaarbechten och an der Reegel an nëmmen engem Dag fäerdeg. TAFF schafft mat Lanze vun 11 Meter a wann dat ieren nach net duer geet, mat engem Kran an esou kënnen och Privat- a Geschäftsgebaier vun e puer Stäck gebotzt ginn. Déi Botz ass bis zu 70% méi bëlleg wéi wann een nei usträicht an ekologesch besser.

Dat knaschtegt Waasser gëtt opgefaang an direkt am Camion gebotzt a recycléiert. E spezielle Fassadeschutz suergt derfir, dass d’Fassad net nees direkt knaschteg ka ginn. Äert Haus gesäit aus, wéi wann et nei ugestrach wier an TAFF gëtt Iech 5 Joer Garantie. Loosst Iech elo vun enger gratis Botzfläch op Ärem Haus iwwerzeegen!

Méi Informatioune fannt Dir op www.taff.lu.