Op 80m2 ëmfänken si Iech neierdéngs an der Galerie.

Zanter 2009 sinn se am Shopping Center Kierchbierg scho mat engem Stand present, mee lo gëtt et dann och e richtege Shop op 80 m2 an der Galerie.

Hei kann een da mol raluussen an an déi neisten Technologien an innovativ Servicer entdecken. Mam neie Shop verbessert Orange säi Service un all deenen déi reegelméisseg um Kierchbierg zirkuléieren.

Nieft den Offere vir Privatleit vun Abonnementer bis zu de neiste Smartphonen bitt Orange och Solutiounen fir Entreprisen un.

Orange huet Shops ebessen iwwerall am Land verdeelt, an ass och online ganz no beim Client, zum Beispill mam Orange Live Shopping, oder Orange Video Shopping.

Gitt bis laanscht am neie Shop um Kierchbierg oder kuckt op orange.lu.

08/09/2021 Business-News
RTL