Genéisst gutt Iessen a facetteräich Aktivitéiten an Animatioun.

An der Luxexpo The Box start nämlech freides den 10. September iwwert de Weekend d’Event Long Live the Summer. Wéi sech dat fir de Summer passt ass et dann och dobannen an der Luxexpo an och dobaussen. Et ginn hei engersäits iwwer 100 Shops, anerersäits och e Food Village, a Platz fir ze chillen. D'Zone sinn:

  • Wheels and board, wou sech alles em d’Skaten an de Vëlo dréint, och Occasiounen
  • Succulent Fair, wou et em Planzen geet, dat geet vum kachen bis hin zu veganer Kosmetik
  • Street and Geek, hei geet et em Moud a second hand
  • Offline Market, wou Dir op der Platz online Geschäfter besiche kënnt
  • On the road again, fir déi nächst Vakanz ze plangen
  • Nexterday wou Dir d'Organisateuren vun geplangten Eventer begéine kënnt

All d’Detailer iwwert de Long Live the Summer ginn et op llts.lu

Business News 08/09/2021