Nohalteg shoppen an eng relax Shoppingpaus am Pallcenter!

Vun elo un kënne Clienten am Pallcenter zur Uewerpallen nohalteg shoppen!

An dat an engem Second Hand Shop. D’Konzept ass sou einfach wéi effektiv: kaaft oder verkaaft héichwäerteg Géigestänn a schenkt hinnen en zweet Liewen.

D’Kleeder ginn op hier Qualitéit kontrolléiert, vun enger Partnerfirma gewäsch an am Rayon opgehaangen. Dir kritt e Voucher deen Dir a Second Hand Shop oder an der Epicerie kënnt aléisen.

An zu Bartreng mécht en neie Pall Café seng Dieren op. Hei kritt Dir net nëmme gudde Kaffi a lokal a frësch Produiten, mee Dir kënnt Är Shoppingpaus souguer op enger schéiner Terrass genéissen.

Business News - Pallcenter