Am Akaf an am Verkaf

RTL-Business 15.10.2021

KicheConcept zu Bartreng, nieft der City Concorde, steet lo net nëmme méi fir Designer-Kichen, mee och fir Nohaltegkeet. D’Zil vu KicheConcept ass et, mat ville verschiddene Punkten hire ganzen Oflaf méi ëmweltfrëndlech ze gestalten, wéi z.B. fort vu ganz vill onnéidegem Plastik an dat mat hirem Quooker Krun am Showroom, mat deem si hire Cliente platt a Spruddelwaasser aus der Karaff ubidden. Ir si eppes entsuergen oder nei kaafe kucke si op d’Maschinn net ka gefléckt ginn a bei allem, wat si nei uschafe, gëtt opgepasst, op et eng méi nohalteg Léisung fir de Betrib gëtt.

Och beim Akaf kucke si dass, wa méigleg, Sammelbestellunge gemaach ginn a sichen natierlech sou vill wéi méigleg regional Produzenten! KicheConcept lauschtert selbstverständlech och gär op Rotschléi vun hire Clienten, wa si sech nach verbessere kënnen. Dir sidd um Bauen oder renovéiert gär Är Kichen? Dann huel Iech elo Äre perséinleche Rendez-Vous fir onnéideg Weeër ze vermeiden. KicheConcept zu Bartreng bréngt de WOW an Är Kichen.

Méi Infos och bei hinnen op Insta, Facebook, Snapchat a KicheConcept.lu