En neie, modernen Emballage fir déi beléift Kichelcher

RTL-Business 15.10.2021

2021 ass en historescht Joer fir Bahlsen. Virun 132 Joer hat den Hermann Bahlsen zu Hannover déi gutt Iddi, fir seng Clientèle mat schneekege Kichelcher ze verwinnen. Den heitege Verwaltungsrot ronderëm d’Verena Bahlsen an de Phil Rumbol féiert déi Success-Story weider, dest Joer mat enger neier Identitéit an engem Repositionnement vun der bekannter Mark.

Bahlsen ass zanter 1967 zu Lëtzebuerg präsent, ass déi lescht 4 Joer ëm 10% gewuess, a mam neie Layout gouf d’Verpackung elo méi jonk a modern gemaach. Den Duerchschnëttsalter vu Bahlsen-Konsumente louch bis elo ëm déi 60 Joer an elo wëll Bahlsen déi ganz Famill erreechen. De Kichelchen ass de Star op der Këscht, déi een a ville Supermarcheeën a Kioske fënnt, mat engem separate Fuerwecode fir all Zort Schockela. De Logo TET ënnersträicht déi frësch Produkter, déi an den nohaltege Kichelcher verschafft goufen an dat dierft jo och alle Generatioune gefalen. Bahlsen huet iwwregens wärend dem Confinement seng Leader-Positioun hei zu Lëtzebuerg, grad esou wéi an Däitschland nach weider ausgebaut.

Den Ament ass déi däitsch Traditiounsmark an 61 Länner weltwäit present. An och wann den Emballage elo ännert, ass et Bahlsen wichteg sengen treie Konsumenten ze soën, dass de Goût vun de Kichelcher natierlech dee selwechte bleift, deen, dee jiddereen esou gär huet.