A Label a Multipack-Folien droen och de Label „I’m Eco“ mat recycléierbarem Polyethylen

RTL-Business 12.11.2021

An Zäite vun der COP26 kënnt eng gutt Nouvelle vun de Sources Rosport.

All hir PET-Fläsche sinn nämlech elo aus komplett recycléiertem Plastik, ouni neie mat derbei ze huelen. Dat ass e Meilestee fir d’Marque Rosport, déi sech zanter 2011 fir eng zirkulär Produktioun asetzt. Rosport Blue a Rosport Viva sinn aus 100% rPET, Rosport Classic aus 75% + 25% BIO PET, deen aus Rouerzocker gewonn gëtt. Label a Multipack-Folien droen och de Label „I’m Eco“ mat recycléierbarem Polyethylen.

Dat Bestriewen ass och net vu gëschter an haut: 2015 hat Rosport schonn aus deenen ale Këschte vun de gliese Fläschen déi nei gro Këschte gemaach, getrei der RSE-Charta vum Betrib. An och soss verfollegt Rosport d’Politik vun de kuerze Weeër. Hei si si och ganz transparent a publizéieren hier Traçabilitéit op products.seedtrace.org.

Méi Detailer ginn et och op rosport.com.