Eng waarm Ambiance am Stil vun engem schwäizer Chalet oder enger éisträichescher Skihütt

RTL-Business 12.11.2021

Vun desem Freideg 12.11. un erwaart Iech e ganz neie Popup-Restaurant am Domaine Thermal zu Munneref.

«  Le Mont Dorf » heescht en an en ass fir e puer Wochen an dem herrleche Kader vun de fréieren Thermen, do wou bis 1988 Thermalsoine gemaach goufen a wou zanter 2001 flott Eventer organiséiert goufen an an deem Gebai ass jo och déi bekannt Brasserie Maus Kätti ënnerbruecht.

De « Mont Dorf » hëlt Iech elo mat an d’Bierger mat enger waarmer Ambiance am Stil vun engem schwäizer Chalet oder éisträichescher Skihütt. Kulinaresch gitt Dir dann och an deem Stil verwinnt mat schwäizer oder franséischem Kéis an der Raclette oder als Fondue, respektiv mat leckerem Fleesch um Steen. D‘Menüskaart proposéiert awer och eng ganz Palette vun aneren herrleche Platen ewéi zum Beispill e „civet de marcassin“ oder en hausgemaachte Burger. Eent ass ganz sécher : et geet keen hongereg heem!

De Restaurant « Le Mont Dorf » ass mëttes an an owes op, ausser dënschdes a mëttwochs a bis den 31. Dezember 2021. Wann e gutt leeft, gëtt et vläicht esouguer nach eng Zugabe ! Reservéiert och elo scho fir déi zwou speziell Soiréeën : de 25. November ass eng Cheesy Ladies Night an den 31.12. e fantastesche Silvesterowend als kréinenden Ofschloss!