Mat Biller aus eisem schéine Ländchen

Kache mécht Spaass, aus dem neie Kachbuch vum Ketty Thull kache mécht nach méi Spaass.
Editions Schortgen huet zesumme mam Carlo Sauber 10 Joer nodeems dat grousst Standardwierk vum Ketty Thull produzéiert gouf e neie Wee ageschloen a Lëtzebuerger Rezepter mat schéine Landschaftsbiller a Geschichten aus dem Land kombinéiert.
All Regioun ass an Texter beschriwwe grad wéi Personnagë wéi d’Gëlle Fra, Melusina, de Superjhemp an d’Maus Kätti.
D’Zil vun dësem Buch ass et d’Heemechtsgefill ze vermëttelen, fir Lëtzebuerger an Auslänner.
Déi nei Editioun gëtt et op Däitsch an Englescht a wäert d’nächst Joer op Franséisch disponibel sinn.
Méi Info fannt Dir och op editions-schortgen.lu

17/11/2021 Business