Vun e Freideg bis e Sonndeg

Ronn 50 Wënzer vun eiser Musel freeën sech Iech vun e Freideg bis e Sonndeg am Festzelt um Glacis hir Wäiner a Cremante virzestellen.
D’Fête des Vins et Crémants ass eng eemoleg Geleeënheet leidenschaftlech Wënzer ze treffen an déi lokal Produite vun eiser Wäiregioun ze schmaachen.Op ass e Freideg an e Samschdeg vu 4 bis 9, an e Sonndeg vun 3 bis 8 Auer.
Den Entrée ass 10€ an Tickete kritt dir iwwert Ticket.lu oder 15€ an der Keess.
Natierlech ass dat Ganzt e CovidCheckEvent.

17/11/2021 Business