Eng nohalteg Ausstellung vum Artist Thomas Iser

RTL-Business 26.11.2021

D’Banque Raiffeisen invitéiert nach bis en Dënschdeg 30. November op d’Ausstellung « Circular‘ISER, il y a plein à voir ! ». Am Siège zu Leideleng kënnt Dir bis dann nach 40 engagéiert Wierker bewonneren, déi am Zeeche vun der Nohaltegkeet an der zirkulärer Economie vum jonken Artist Thomas Iser realiséiert goufen – duerfir och d’Wuertspill Circular’ISER, mam Zousaz « il y a plein à voir », am Géigesaz zum geleefegen « Circulez, il y a rien à voir ! ».

Fir des Ausstellung huet den autodidaktesche Moler a Fotograf sech un de 17 Objektiver vum développement durable vun der UNO inspiréiert. D’Molerei « Dead Tree » soll zum Beispill eng Reflexioun iwwer d’Hongersnout ureeegen, mat engem eidele, verdréchente Bam. Am « 7ième Ciel » gesäit een eng heterosexuell Koppel, déi sech kësst, a mat deem de Kënschtler fir Gendergerechtegkeet antrëtt. Wéi den Thomas Iser um Vernissage vun der Ausstellung sot, soll se Som an de Käpp vun de Spectateure planzen, fir d’Erausfuerderunge vu muer ze bewältegen – wann et dann nach duer geet mat der Zäit.

D’Ausstellung bei der Banque Raiffeisen op Nummer 4, rue Léon Laval zu Leideleng ass nach op bis en Dënschdeg 30.11., all Wochendag vun 8.00 bis 18.00 Auer. Méi Informatioune fannt Dir op raiffeisen.lu.