Gewannt an all Animatiounstranche e Chèque-Cadeau am Wäert vun 100 €!

RTL-Business 26.11.2021

E Méindeg 29.11. ass den internationale Cyber Monday. Mir feieren deen internationalen Dag op RTL Radio Lëtzebuerg mat eiser eenzeger, nationaler Marketplace Letzshop! An all Animatiounstranche ass e Letzshop-Jingle verstoppt. Esoubal eis Nolauschterer deen héieren, kënne si en SMS mam Stéchwuert „Letzshop“ op de 62468 schécken an da gëtt ee gléckleche Gewënner vun engem Chèque-Cadeau am Wäert vun 100 € op Letzshop ausgeloust.

Letzshop, déi gréisst online Mall zu Lëtzebuerg, huet elo schonn iwwer 450.000 Artikelen vun iwwer 560 Geschäftsleit zur Auswiel an et kommen der all Dag neier bäi. Et gi Bestselleren, Promoen am Neiegkeeten. Dir kritt Produkter Made in Luxembourg, Bio a Fairtrade. An déi kritt Dir ganz praktesch heem geliwwert oder schéckt se engem als Kaddo mat engem léiwe Message derbäi.

A fir d‘Feierdeeg gëtt et elo eng gutt Nouvelle: mat de Letzshop Chèques Cadeau kann een och elo neierdéngs an deene Geschäfter bezuelen, déi matmaachen! Déi genee Lëscht fannt Dir op letzshop.lu. Abonnéiert Iech och op hir Newsletter an am Blog ginn et ëmmer déi neisten Informatiounen. A wann nach Geschäftsleit op deen Online-Zuch wëllen opsprangen: kee Problem! Mellt Iech einfach bei der Equipe vu Letzshop an da sidd Dir nach virun de Feierdeeg prett an d’Participatioun ass gratis!