Sport4Lux - 3 Sportaarten an engem moderne Kader

Vu Mäerz 2022 u geet och hir Sportsbar op.
Sport4Lux ass e Multisportkomplex zu Mënsbech. Et gi 5 Futtballsterrainen fir 5géint5, dräi Padel Terrainen an eng Zon fir Auto a Fligersimulator vu flyanddrive.lu! Sportsequipement kann e sech och op der Platz léinen.
Nieft den Aktivitéite selwer déi och fir Ufänger ganz einfach ze léiere sinn, kënnen d’Futtballsmatcher souguer opgeholl ginn fir herno nach emol ze kucken an et kann een op 2 Terrainen souguer individuell Spillstatistike kréien.
Et ginn och Reuniounssäll an vum Mäerz 2022 un geet dann och eng Panorama Sportsbar op déi sech och fir en Afterwork eegent!
Reservéiert elo, 7 Deeg op 7 ass op!
Fir all d’Detailer an d’Ouvertures Zäiten, gitt op sport4lux.lu oder luet hier App erof.
