Den neie Cactus Esch Lalleng ass op!
De Projet gouf 2020 lancéiert.
D’Createure vun dësem Projet wollten hei e moderne Liewensraum am Süde vum Land schafen. Beim neie Cactus goufen an dem Kader och 67 Appartementer gebaut. Méi wéi 150 Aarbechtsplaze goufe geschaf a 15 Geschäfter sinn an der Galerie Vertrueden. De Cactus huet och allerlee Neies ze bidden, wéi d’Véronique Schmitt, Marketingdirektesch vum Cactus erkläert huet:
“Natierlech eng Première vun eis, e self check out. Wann ee wëll séier maache kann een duerch de Scan Express goen.”
An dat wat vun de Clienten appreciéiert gëtt, gouf hei nach ausgebaut:
“Beim Cactus gi mer immens appreciéiert vun eise Cliente fir déi d’Frëschwuer, fir dee Goût dee mer ubidde mat eise Produkter, a wat mer hei lo gemaach hunn, dat ass mir hunn déi Comptoire méi ausgebaut. Voilà d’Iddi ass wierklech datt ech an der Atmosphäre un engem Marché couvert an der zweeter Hallschent vun dësem Supermarché mech kann beweegen.”
© (c) Cactus
E grousse Projet deen 2020 gestart gouf a wéi gesot elo seng Diere fir de Public opgemaach huet.