De "Kroumpernéckel" spréngt aus der Pan a flücht och vrun den Déieren, déi e wëllen iessen.

De Wollef ass kee Béisen, mä leit dorënner, datt hien ëmmer an de Geschichten e schlechten Image huet. Dat sinn nëmmen zwou Geschichten aus der Fieder an dem Pinsel vum Vanessa Staudt. Déi geléiert Sozialpädagogin an Diplom-Designerin lieft vun a fir Kannerdreem. Si schreift, illustréiert a presentéiert hir Geschichten am eegene Verlag Atelier Kannerbuch. Den Ament sinn hir Illustratiounen och am Kulturhaus zu Nidderanven ze gesinn a mir loossen eis vum Vanessa Staudt virliesen, well si ass dës Woch de Freides Invité.

AUDIO: De Freides-Invité vum 22. Mee: Vanessa Staudt
RTL

"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu. An dono am Replay op RTL.lu (Audio a Video).

RTL