Zu Viichten gëtt nom Blacky gesicht, an zu Suessem ass e groe Chartreux-Kueder ugedréckt

De Blacky, e Kueder mat engem laange schwaarze Pelz, gëtt zënter dem 24ste Juni zu Viichten vermësst. Et kéint sinn, dass hien enzwousch an enger Garage oder engem Gaardenhaischen agespaart wier. Telefon 621 51 35 64.

An der Rue d’Esch zu Suessem gëtt zenter en Donneschden den Owend e groe Chartreux-Kueder vermësst. Hien lauschtert op den Numm Grizzly an ass gechippt. Update: De Grizzly ass nees doheem! .