Um Bridel, zu Schëffleng, zu Monnerech an am Raum Mutfert/Méideng ginn all Kéiers Kaze gesicht

 De Lucky, e rout-wäisse Kueder, gëtt am Raum Méideng/Moutfort gesicht. Hien ass gechippt a kastréiert. E lauschtert op sai Numm, ass heemlech an zoutraulech. Hien ass immens virwëtzeg dofir kann et gutt sinn dass en enzwousch agespaart ginn ass. Update: de Lucky ass erëm doheem!

Zu Schëffleng ass gëschter eng ganz wäiss Kaz fortgelaf. De Puss huet e roude Collier un a brauch dréngend Medikamenter. Telefon 691 49 14 76

Um Bridel huet sech d'Blue duerch d'Bascht gemaach, eng hell-gro getigert Kaz. Si ass ganz fäertereg a léisst sech net vu frieme Leit upaken. Update: d'Blue ass nees doheem! 

Zu Monnerech ass den Chewi ugedréckt, e getigerte Kueder vu 14 Méint. Hien ass zimlech grouss fir säin Alter a ganz heemlech. Telefon 621 277 639