Dësen Hond ass elo nees doheem, zu Holzem gëtt weiderhinn eng Deckelsmouk vermësst. 

Am Raum Angelduerf-Dikkrech huet sech e mëttelgrousse schwaarz-wäisse Mupp duerch d'Bascht gemaach. Den Takis, sou heescht en, ass immens schei a léisst sech net upaken. Fir d'lescht ass en tëscht Steeën a Schieren gesi ginn. Update: den Takis ass nees doheem!

Op der Mamerstrooss zu Holzem gouf eng kleng Landschildkröt fonnt. Mir ginn dovunner aus dass et eng griichesch Landschildkröt ass.
Telefon: 621 490 191