De Felix huet sech zu Esch duerch d'Bascht gemaach

Zënter dem leschte Sonndeg, dem 11ten Oktober, gëtt zu Esch an der Millegaessel de Felix vermësst, e grousse roude Kueder mat opfälleg laange Baarthoer. De Felix ass ganz fäertereg a léisst sech net vu frieme Leit upaken. Fréier huet hien zu Bouneweeg gewunnt, et ka sinn, dass hien dohinner zeréck wollt. En ass gechipt a kastréiert. Telefon  621 17 17 60