Zu Bartreng war e schwaarz-wäisse Cocker-Spaniel fortgelaf an zu Mamer war e Cavalier King Charles Spaniel zougelaf. Allebéid sinn se nees doheem! 

An der Cité Edemer zu Mamer ass e King Charles Spaniel zougelaf. Et ass e Ritt, säi Pelz ass schwaarz mat brong. Update: De Mupp ass nees doheem!

Haut am Nomëtteg ass zu Bartreng e schwaarz-wäisse Cocker-Spaniel fortgelaf. De Mupp lauschtert op den Numm Henry, en ass éischter fäertereg bei frieme Leit. Hien huet e Collier un . Update: Och den Henry ass nees gutt doheem ukomm!