Eng kleng beige Kaz vun 2 an halleft Joer ass zanter dem Mëttwoch verschwonnen, dëst zu Dummeldeng. Si huet e klenge rosa Collier un, wou och eng Telefonsnummer dropsteet: 0033 7 66 05 19 60. D'Kaz heescht Luna an de Collier ass awer net gutt ze gesinn, ënnert hiren Hoer. Hier Schwanz ass kuerz. Telefon: 661 260 208

Zu Beggen an der Géigend vun der Apdikt ass och eng Kaz fortgelaf, dëst zanter dem 7. Januar. Ducky heescht d'Kaz, si ass nach net ausgewuess. Hiert Fell ass wäiss mat hell-brong Flecken. Si huet blo Aen an eng schwaarz Nues, ganz däischter brong Oueren an Schwanz. Si baluckt e bëssen an huet e brongen Fleck ënnert dem Mond. Telefon: 621 475 001

© Ducky