D'Schëfflenger Déierenasyl huet eis 2 Kaze gemellt, déi elo bei hinnen op hire respektive Proprietär waarden:

Déi eng ass getigert mat wäiss a si ass schonn eng Zäitchen an der rue de Mondercange zu Esch Lalleng gelaf. Si ass net steriliséiert.

Dat anert ass e fäerterege, schwaarzen, net kastréierte Kueder, dee schonn zënter puer Méint am Äppelwee um Zens gelaf ass.  Telefon: 26 53 21 62

RTL