Ausgangs Mäerz ass an der Äifel e mëttelgroussen Hond fortgelaf, e Genre Hütehond-Retriever-Mix mat engem laange beige Pelz. D'Esther ass an der Lescht am Raum Veianen/Housen/Wolz gesi ginn. Hat ass extrem fäertereg a leeft direkt fort soubal ee probéiert hat ze ruffen oder op hat duer ze goen. Wien et gesäit, soll also wgl op kee Fall probéieren him nozelafen. D'Leit gi gebieden Distanz ze halen an esou séier wéi méiglech bei Info Sichhënn unzeruffen mat der Informatioun wéini a wou genéeë hat gesi gouf. Telefon 28 99 73 79 oder Mail info@sichhenn.lu