En Hond zougelaf, 3 Kaze vermësst.

Zu Dol op der Spillplaz ass en Hond zougelaf. De Puma, e Kueder gëtt zënter en Donneschden zu Esch/Uelzecht vermësst. Hien ass kastréiert, gechipt, getigeregt mat engem wäisse Bauch an enger wäisser Schnuff. Hien huet och en Schéinheetsfleck op der Nues. De Puma ass zimmlech krank, et kéint sinn datt hie keng Kraaft méi huet fir heem ze kommen. Telefon: 661 613 813

RTL

Vermësst gëtt d'Luna zu Déifferdeng am Quartier Arboria. Normalerweis kënnt d'Kaz erëm wann et roueg dobaussen ass, wat awer elo net de Fall ass. Weider Detailer feelen. Telefon: 621 344 676

An dann ass och nach d'Ronja zu Nidderkuer ënnerwee; eng norwegesch Bëschkaz. D'Ronja ass éischter fäertereg, schwaarz mat wäiss an engem wäisse Kënn. Update: d'Ronja ass erëm doheem!

RTL

© RONJA