D’Regierung wëll eng Impfflicht aféieren. Eng fir d’Leit vu 50 Joer un a fir d’Gesondheets- a Fleegepersonal. Wéi gesidd Dir dat? 

De Moien hutt Dir d’Wuert dozou um Radio. 
Dir kënnt reagéieren an och allgemeng Froe stellen zum Impfen an zum Virus.
Den Dr. Gérard Schockmel, Spezialist fir Infektiounskrankheeten, ass live bei eis am Studio. 
Hien ass ee vun den Experten, déi d’Regierung an der Fro vun enger Impfflicht beroden hunn.
Dir kënnt Är Fro iwwer rtl.lu eraschécken. 
De Moie gëlt den Telefon 13 30.

03/02/2022 Dir hudd d'Wuert