
© pixabay
Anthropozän, ee komplizéierte Begrëff, deen awer ëmmer méi an de Medien opdaucht, wann iwwer Klimawandel geschwat gëtt.
Fir dat ze verstoen, ass et wichteg op d’Geschicht vun eisem Planéit anzegoen. Zanter dem Urknall kennt eis Äerd nämlech verschidde klimatesch Perioden. Dës Periode mat hire staarke klimatesche Verännerunge bewierken, dass natierlech geologesch Prozesser sech veränneren. Fir dës Perioden ze kategoriséieren, hu Wëssenschaftler deene verschiddene geologeschen Epochen en Numm ginn. Virun 2 Millioune Joer hate mer eng Äiszäit op eisem Planéit. Dës geologesch Epoch hunn d’Wëssenschaftler Pleistozän genannt. Dës Period huet eng extrem staark Klimaverännerung kannt an d’Liewenskonditiounen op eiser Äerd, waren am Verglach mat haut bal onméiglech.
Eréischt viru ronn 10.000 Joer hunn dës Extremschwankungen nogelooss an d’Klima huet sech stabiliséiert. Dës nei Period hunn d’Wëssenschaftler Holozän genannt. Ma dës méi agreabel Konditiounen hu mat sech bruecht, datt den Homo Sapiens sesshaft gouf an ugefaangen huet, Landwirtschaft ze bedreiwen. Domat waren d'Weiche gestallt, datt eis Zivilisatioun sech konnt weiderentwéckelen. An dat iwwert eng laang Zäit. Vun der Landwirtschaft iwwer d'Industrialisatioun bis an den Zäitalter vun der Digitaliséierung, wou mer haut dra liewen
Zanter der Industrialisatioun huet de Mënsch et awer fäerdeg bruecht, eise Planéit an immens kuerzer Zäit extrem ze veränneren. Dës Zäit ass gepräägt vun engem rapide Populatiounswuesstum a virun allem awer duerch déi vill Innovatiounen an Technologien, déi et erlaben, d'Ressource vun eisem Planéit ouni Récksiicht auszebeuten. Mam Resultat; déi negativ Konsequenze fir eis Ëmwelt.

Wëssenschaftler hunn duerfir dës radikal Verännerung als nei geologesch Epoch gekennzeechent: als Anthropozän. Anthropozän kennt aus dem algriicheschen (ánthropos, Mënsch‘ an kainos ‚nei / onerwaart / wor nach nie do‘), wëll heeschen, dass déi global Klima- an Ëmweltprozesser duerch mënschlech Aktivitéite verännert ginn. Dësen Term ass zwar nach net iwwerall offiziell als nei geologesch Epoch unerkannt. Ma d'Wuert gëtt awer reegelméisseg vu Wëssenschaftler benotzt, fir d’Gefore vun dëse mënschegemaachte Verännerungen an de Virdergrond ze setzen.
Wëssenschaftler kënnen nach net mat Sécherheet soen, wou d’Rees elo genau higeet a wat dat genee bedeit, wa mer an dës nei geologesch Epoch erageroden. Et sinn awer vill Etüden eraus, déi weisen, dass wann dat geschitt, et kee Wee zeréck gëtt.
Aktuell schéngt awer nach eng Méiglechkeet ze bestoen, fir weider an der stabiller Holozän-Epoch ze bleiwen. Dat awer nëmmen, wa mir et fäerdeg bréngen, de Klimachaos ze bremsen! An dofir ass den Asaz vu jidderengem gefrot. Fir eisen Afloss op de Verbrauch vun de Ressourcen ze moossen, gëtt et hei zum Beispill den ‘ekologesche Foussofdrock’ an dee gesi mer am Detail d’nächst Woch an dëser Rubrik.
Bonusmaterial
· En interessanten Documentaire, deen d’Anthropozän gutt erklärt: ZDF: Terra x: Anthropozän- Das Zeitalter des Menschen:
· Informative Site (op englesch) mat Documentaire, Video an engem Buch.
· Ee Buch wat Zesummenhäng erkläert tëscht dem Mënsch a senger Ëmwelt an an och viru wéi engen Erausfuerderungen mir haut stinn Die Welt im Anthropozän’ von Wolfgang Haber (Hrsg.),Martin Held(Hrsg.),Markus Vogt(Hrsg.)
· Ee Commentaire vum Harald Lesch: ‘Der Mensch und das Anthropozän’