
© Pixabay
„Earth Overshoot Day“ an ekologesche Foussofdrock. Zwee Begrëffer, déi eis de Spigel vun eiser perséinlecher Realitéit virun d’Gesiicht halen.
Eis Konsumgesellschaft bréngt mat sech, datt mir all Dag konsuméieren: Liewenswichteg Produiten, wéi Liewesmëttel awer och Luxusartikele wéi Smartphonen, Autoen, Televisiounen a Kleeder. Et geet awer net nëmmen dorëm, wat mer konsuméiere, mä virun allem wéi vill. Nieft de materielle Produiten, kommen dann och d’Vakanze mam Fliger, de verschwenderesche Verbrauch vun Energie a villes méi dobäi.
Eppes däerfe mer duerfir hei net vergiessen. Fir nämlech an de Genoss vun all deem ze kommen, brauche mer Ressourcen, Ressourcen, déi net einfach vum Himmel falen an déi ëmmer en Agrëff an d' Gläichgewiicht vun eiser Ëmwelt bedeiten. Wéi vill Tonne Pëtrol verbrauche mer fir en Tripp op Barcelona, wéi vill Land gëtt geholl, fir eis Liewensmëttel ze produzéieren?
Et gëtt eng Méiglechkeet fir dee Verbrauch u Buedemschätz ze moossen. Mam ekologesche Foussofdrock kënne mer nämlech ausrechnen, wéi vill Ressourcen eng Persoun, ee Land oder souguer d’ganz Mënschheet verbraucht. Mir mussen eis bewosst sinn, dass dës Quellen net onendlech sinn, mir hunn nëmmen ee Planéit an deen ass, genee wéi mir Mënschen och, endlech!
Duerfir ass et wichteg, datt mir d’Biokapazitéit vun eisem Planéit kennen. Dat heescht, wat de Maximum u Ressourcen ass, déi eise Planéit erneieren oder absorbéiere kann. Dat kléngt elo vläicht e bëssen abstrakt, mä am Fong ass et ganz einfach.
Huele mer d’Beispill vun de Fësch, wa mir méi séier d'Fësch aus de Mierer fänken, wéi si sech reproduzéieren, si geschwë keng Fësch méi do. Wéi vill Co2 kënne mir an d'Atmosphär blosen, deen och absorbéiert gëtt? Wéi vill Bësch däerfe mer ofholzen, fir dass e sech natierlech regeneréiere kann? All dës Elementer, Quellen an natierlech Ressource ginn esou op de Leescht geholl an ënnert dem Stréch kënnt den ekologesche Foussofdrock eraus, deen de Gesamtverbrauch, d'Regeneratioun an den Desequiliber duerstellt.
Am Moment si mer op deem Punkt, wou d’Mënschheet méi verbraucht, wéi eise Planéit erneieren oder absorbéiere kann. Den Dag, wou dësen Defizit am Joer erreecht gëtt, nennt een op englesch den "Overshoot Day". D’lescht Joer war dat den 29. Juli, dat heescht dunn hätte mer fir 2019 de Buttek kënnen zoumaachen, well mer du schonn alles opgebraucht haten, wat mer dat Joer zegutt haten.
D'Zil ass et dësen "Overshoot Day" sou wäit wéi méiglech no hannen ze réckelen an eise Verbrauch sou ze reduzéieren. Wann een dat fir eist Land rechent, hat Lëtzebuerg säin "Overshoot Day" dëst Joer schonn de 16. Februar a louch domat just hanner dem Qatar, wat de Verbrauch vun de "Ressources naturelles" ugeet, deen eis eigentlech zousteet. Zënterhier si mir also an engem Defizit fir de Rescht vum Joer. Natierlech hänkt dat och domat zesummen, datt mir als Land net ganz vill eegen natierlech Ressourcen hunn, duerfir awer een héijen Export u Pëtrol fir den Tanktourismus. Ma dat eleng kann awer net rechtfäerdegen, dass mir als Land extrem vill konsuméieren a selwer keng Mëttelen hunn, fir dat auszegläichen.
Oder?
Vläicht ee klengen Denkustouss: Frot iech mol wou Dir Äre Konsum reduzéiere kéint. Beim Energieverbrauch, de Vakanzen a Weekend-Trips oder bei de Luxusartikelen? Villes ass méiglech, den ekologesche Foussofdrock acceptéiert keng Ausrieden an hält eis de Spigel vun eiser perséinlecher Realitéit virun d’Gesiicht.
Den eegenen ekologesche Foussofdrock rechnen
https://www.footprintcalculator.org/
Eng Weltkaart, wou ee gesäit, wéi eng Länner am Defizit sinn a wéi eng net:
http://data.footprintnetwork.org/?_ga=2.221600465.871950951.1587631946-1765907596.1587486561#/