
Nohalteg liewen, nohalteg Kleeder, nohalteg Entwécklung. „Nohaltegkeet“, e Wuert mat enger déiwer Identitéitskris?
Seelen ass esou een onorthodoxe Begrëff, esou séier an der Sprooch vun der Politik a vun de Medien acceptéiert a gebraucht ginn. Bis virun e puer Méint war en omnipresent, bis Corona alles verdrängt huet. Dat soll awer net heeschen, dass Nohaltegkeet elo keen Thema méi ass. Grad an dëser Period, wou et un der Zäit wier, ee Schratt zeréckzemaachen, hätt ee jo d’Méiglechkeet, sech éierlech an onbefaangen domat ausenanerzesetzen.
Ech verstinn awer, dass de Begëff „Nohaltegkeet“ villen op de Su geet, well een dacks net weess, wat alles derzou gehéiert zu dem "nohaltege Liewen". An Ëmfroe kommen déi verschiddenst Äntwerten eraus, déi Eng verstinn dorënner d'Verantwortung vis-à-vis vun eiser Ëmwelt oder de Respekt fir déi zukünfteg Generatiounen. Anerer mengen et wier just Zukunftsmusek! Ma wat ass dann elo wierklech drënner ze verstoen?
Wa mer nom Ursprong vum Begrëff sichen, fanne mer deen Enn vun den 80er Joren. Déi fréier norwegesch Ministerpresidentin, Gro Harlem Brundtland, huet an engem Rapport déi „nohalteg Entwécklung“ esou definéiert, dass d’Besoine vun der Géigewaart befriddegt ginn, ouni ze riskéieren, dass dat fir déi spéider Generatiounen net méi méiglech wier. Kuerz gesot: Jidderee soll genuch hunn. Dës Definitioun gëllt bis haut a säit den 90er Jore gëtt Nohaltegkeet a ville politeschen, wëssenschaftlechen awer och tëschemënschlechen Diskussioune gebraucht.
Ma wat gehéiert dann elo alles zu där Nohaltegkeet? Déi 3 Haaptkategorie sinn: Ekologie, Ekonomie a Sozialwiesen. Op déi 3 soll bei Decisioune fir eng nohalteg Entwécklung opgepasst ginn.
Fir dat Ganzt méi konkret duerzestellen, hunn déi Vereenegt Natiounen 2015 déi sougenannt 17 ‘Sustainability Goals’ agefouert. Dës 17 konkret definéiert Zieler solle Richtlinne virginn, fir bis 2030 eng nohalteg Entwécklung op der ganzer Welt z'erreechen. Gläichberechtegung vu Fraen a Männer, d’Recht op Bildung, erneierbar Energien an d'Protektioun vun den Ekosystemer sinn nëmmen e puer Beispiller vun dëse 17 Nohaltegkeetsziler. Op hirem Site fannt der am Detail dës 17 Ziler opgelëscht an einfach erkläert.
Et ass a bleift awer ee koppegt Wuert, fir eppes auszedrécken, wat am Fong fir jidderee selbstverständlech misst sinn: liewen a liewe loossen, haut an an Zukunft.
Bonusmaterial
2 Bicher, déi de Begrëff gutt analyséieren:
- Ulrich Grober: Die Entdeckung der Nachhaltigkeit-Kulturgeschichte eines Begriffs
- Klaus Wiegandt: Mut zur Nachhaltigkeit-12 Wege in die Zukunft