D’Biodiversitéit, d’Vilfalt vu Planzen an Déieren, ass am Gaang dramatesch zeréckzegoen. Wat bedeit dat?

Blog "Eko? Ass dach logesch!" (4) - Biodiversitéit

Spéitstens nom Film "The Biggest Little Farm", deen 2019 an de Kinoen ze gesi war, ass deene meeschte bewosst ginn, wat Biodiversitéit bedeit. An dësem Documentaire geet et ëm eng kleng Famill a Kalifornien, déi aus engem Stéck Ackerland, dat total erofgewirtschaft ginn ass, sech hir Dramfarm wëll opbauen. De Film weist, wéi wichteg et ass, eng grouss Vilfalt vu Planzen an Déieren zouzeloossen, fir domadder ee gesonde Liewensraum ze schafen, deen am Gläichgewiicht ass a wou jiddereen a senger eegener Nische ka gedeien. Wat méi Vilfalt, wat besser.

Et ass schockant, wann ee gesäit, wéi staark den Aarteräichtum an de leschte Jore weltwäit zeréckgaangen ass. Experte schätzen, dass all Joer minimum 10.000 Spezies ausstierwen, mat  natierlech dramatesche Konsequenze fir eis Ëmwelt. Lues awer sécher musse mer agesinn, datt alles, wat aus dem Gläichgewiicht geréit Konsequenze mat sech bréngt, déi mer esou séier net kontrolléiere kënnen.

D'Ursaach vum Chaos ass natierlech nees déi Spezies, déi vu sech mengt un der Spëtz vun der Evolutioun ze stoen a sech alles kënnen z'erlaben, de Mënsch. De Mënsch räisst sech d'Land ënnert den Nol, fir grouss Monokulturen unzebauen, d'Megacityen weider ze vergréisseren an all d'Ressourcen, déi net ugeneelt sinn, ofzebauen. Dat huet als Konsequenz, dass de Liewensraum vu Millioune vun Déieren a Planze verluer geet.

Dobäi kënnt den Impakt vum Klimawandel op d’Biodiversitéit. D'Temperaturen, déi weltwäit klammen, hunn en direkten Afloss op de Liewensraum vu Planzen an Déieren, déi net all fäeg sinn, sech kuerzfristeg unzepassen, fir déi meescht bedeit dat Exitus.

Dat sinn nëmmen e puer Beispiller, ma et ginn der schrecklech vill, déi bal ouni Ausnam eng Ursaach hunn: d'Gier vum Mënsch. Wëssenschaftler warne scho laang, dass dës Zeechen alarmant sinn an datt zemol déi sougenannten "Hotspots" extrem musse geschützt ginn.

Ee Beispill vu sou engem Hotspot sinn d’Bëscher. Och an eise Bëscher geet d’Biodiversitéit rapid zeréck an ëmmer méi Aarte sinn am Gaang auszestierwen. Wéi et ëm d'Bëscher hei zu Lëtzebuerg steet, gesi mer e Freideg an enger Woch an dëser Eko-Rubrik.