
An engem Interview mat der Biologin Danielle Murat vun der Naturverwaltung huet d'Julie Mathes sech iwwert d’Zukunft vun eise Bëscher informéiert.
Eise Bëscher geet et net gutt. Si leiden ënnert dem Klimawandel. D’Dréchent an de Mangel un Nidderschlag aus de leschte Joren hunn dem Bësch zougesat. Wann een den Ament an de Bësch spadséiere geet, gesäit ee virun allem déi vill Fiichtebeem. déi futti sinn, duerch de Befall vum Borkenkäfer. Firwat fält engem dat elo sou extrem op?
D’Danielle Murat, Biologin bei der Naturverwaltung, weist hei ënner anerem op de Problem vun de Monokulturen hin. Dës Monokulture vu Fiichten a Kifere goufen nom zweete Weltkrich ugebaut, fir séier Brennholz ze produzéieren. Dës Beem sinn awer vill méi ufälleg fir Stressfaktoren, wat dann als Resultat de massive Befall vum Borkenkäfer huet.
Fir eis Bëscher ze schützen, ass et elo wichteg, no Léisungen ze kucken, esou d’Biologin. Et géing elo drëm goen, fir eng Mëschung vu verschiddene Bamaarten ze kombinéieren a sou d’Biodiversitéit erëm z'erhéijen. Hei huet d’Naturverwaltung e geneeë Plang:
- d’Ausweise vu Biotop Beem, Altholzinselen an Naturbëscher
- d’Uleeë vun nei strukturéierte Bëschbränn
- Fiichten déi ewech gemaach ginn, fir duerch méi standuertgerecht Bamaarten ze ersetzen
- nei Fiichtgebidder
- Somgäert: Seele Beem ginn ugeplanzt an de Som gëtt hei geholl, fir nei Beem ze ziichten
Et wäert awer nach eng Zäitchen daueren, bis een d’Resultat vun de Mesuren, déi haut geholl ginn, gesi kann. Dofir ass et an Zäite vu Klimawandel ëmsou méi wichteg, aarteräich a stabil Bëscher opzebauen a sou d’Bëscher esou gutt et geet ze schützen.
Et kann een net dacks genuch betounen, wéi wichteg d’Biodiversitéit ass. Ma net nëmmen an de Bëscher, mä och an aneren Ekosystemer. Sou ass zum Beispill den Aarteräichtum an de Mierer extrem zeréckgaangen an dat virun allem well eis Koralleriffer no an no ofhuelen. Méi dozou, d’nächst Woch op dëser Plaz.