50-60% vun de Korallen an de Mierer si scho weltwäit verluer gaangen. Wouru läit dat? A wat bedeit dat fir eis?

Zemools an eise Géigende gëtt net dacks iwwert se geschwat, mä d’Koralleriffer a wat mat hinne geschitt, betrëfft jidderee vun eis. Och wa mer se net gesinn, ass et fatal ze denken, si wieren net wichteg. Dat Eenzegaartegt un dëse Kreaturen: Koralle si gläichzäiteg Déieren, Planzen a Mineralien.

Blog "Eko? Ass dach logesch!" Deel 7

Si bestinn nämlech aus lauter klenge Polyppen, déi zesumme mat sougenannte Zooxanthallee eng symbiotesch Relatioun hunn. D’Resultat sinn déi faszinant a faarweg Kreaturen ënner Waasser. Et ënnerscheet een hei tëscht de mëllen an den haarde Korallen. All zesumme forméiere si riseg Koralleriffer an domat de Wunnraum vu 25% vun all de Mieresdéieren. Donieft bilde si eng natierlech Mauer, fir d’Wellen ze briechen a schützen deemno d’Küste virun Iwwerschwemmungen.

D’Koralleriffer si mat déi villfältegst a wäertvollst Ekosystemer déi mer hunn. Gläichzäiteg ass et awer och deen Ekosystem, dee weltwäit am meeschte menacéiert ass.

Doru Schold ass alt erëm de Klimawandel. Koralle sinn extrem sensibel op Temperaturännerungen. Déi méi laang a méi intensiv Hëtztwelle féieren dozou, dass Temperaturen an eise Mierer klammen. Dat huet als Resultat, dass Koralle keng Nahrung méi ophuele kënnen an doduerch ausbleechen. Dee Moment verwandele sech déi faarweg Kreaturen a wäiss Skeletter.

Wann d’Mierestemperaturen dann net zeréck ginn, stierwen d’Korallen an iwwreg bleift just nach Gestengs. Et ass dramatesch, wéi séier d’Korallen den Ament weltwäit stierwen a riseg Koralleriffer einfach verschwannen. Dat dacks innerhalb vun nëmmen e puer Wochen oder Méint. Am Verglach brauchen nei Korallen awer Joren, fir erëm ze wuessen.

RTL

Um Bild gesäit een d'Ausbleechen vun de Korallen. / © Conservation Diver

Ma net nëmmen d’Temperaturännerunge schueden de Korallen. D’Iwwersaierung vun den Ozeaner wéinst ze héijen CO2-Emissiounen an d’Pollutioun vun de Mierer hunn och en negativen Afloss op d’Gesondheet vum Riff an droen dozou bäi dass ëmmer méi Koralleriffer verschwannen.

Wa mer dëst Massestierwen net elo stoppen, huet dat net nëmmen dramatesch Konsequenze fir d‘Mieresdéieren, eis Ekonomie an eis Küsten, mä dann hu mir Mënschen et fäerdeg bruecht a kierzester Zäit e ganzen Ekosystem auszeläschen, dee spéider Generatiounen ni erliewe kënnen. Et ass duerfir wierklech héich Zäit d’An op ze maachen an ze realiséieren, wat an eise Mierer den Ament geschitt. Et ginn awer ewell ëmmer méi Projeten an Organisatiounen déi sech duerfir asetzen, fir d‘Koralleriffer an domat d‘Mieresdéieren ze retten. Weider Informatiounen dozou ginn et nächst Woch an dëser Rubrik.

BONUS

Een interessanten Dokumentarfilm, deen de Problem vum Korallestierwen a Biller duerstellt:
https://www.chasingcoral.com/about-the-film/

Ee Projet, deen am Gaang ass weltwäit all Koralleriffer duerch Satellittebiller ze dokumentéieren an een esou genau observéiere kann, wéi hiren Zoustand sech verännert:

https://allencoralatlas.org/methods/