
Uganks Juni hat sech de Knascht hannert dem Musée Dräi Eechelen geheeft.
Weltwäit entstinn ëmmer méi Projeten an Organisatiounen, déi sech fir den Ëmweltschutz asetzen...
Nodeems déi lescht Wochen an der Serie „Eko ass dach logesch“ Rieds wor iwwer d'Biodiversitéit, geet et haut ëm eng vun den Haaptursaachen déi dës Biodiversitéit zerstéiert, d'Pollutioun.
Wann ee wärend dem Confinement an och duerno an der Stad oder op ëffentleche Plazen ënnerwee war, kann een nawell erféieren, wéi vill Dreck iwwerall einfach an d’Natur geheit ginn ass. Heiansdo freet ee sech wierklech, wat bei deene Leit am Kapp virgeet, déi hire Gedrénks-Becher einfach esou an d’Wiss geheien. Och wann dat engem an deem Moment net bewosst ass, esou e klengen Akt huet grouss Konsequenze fir d' Ëmwelt.
Dëse klengen Akt gehéiert zu der Pollutioun.
Definitioun vun der Pollutioun laut der europäescher Direktive 2000/60/CE vum 23 Oktober 2000 ass folgend:
"Pollutioun ass, wann de Mënsch op eng direkt oder indirekt Manéier duerch seng Aktivitéiten, Substanzen oder Hëtzt hannerléisst souwuel an der Loft wéi am Waasser oder um Buedem an doduerch der Gesondheet an/oder den Ekosystemer am Waasser an der Loft oder um Buedem schueden... a wann dëst zur Zerstéierung vu Liewensraim féiert...."
Et geet nach e bësse viru mat dëser komplizéiert verschachtelter Definitioun, ma fir op de Punkt ze kommen, et bedeit ganz einfach Präsens vun enger schiedlecher Substanz, déi negativ Konsequenze fir eis Natur an Ëmwelt mat sech bréngt.
Jo, dës Definitioun ass zimmlech vage, ma nach eng Kéier, et gëtt dräi Haaptkategorien: Land-, Waasser- a Loftverschmotzung.
Dat Beispill vun elo just nennt een op Englesch "Littering" a gehéiert zur Landpollutioun. Littering gëtt zum Beispill an deene meeschte Staate vun den USA mat héije Geldbousse bestrooft. Och hei zu Lëtzebuerg ass elo eng Petitioun agereecht ginn, déi fuerdert, fir Littering mat méi héije Geldzommen ze bestrofen.
Soubal mir Mënschen eng friem Substanz, déi an där Form net dobausse virkënnt, an d’Natur geheien, ass dat Verschmotzung vu Land a Buedem, wat dann dacks virun transportéiert gëtt iwwer d'Flëss an d'Mier. Ugefaange mam Knätsch, deen aus der Fënster flitt, bis bei d’Plastiksverpackungen, déi einfach esou trëlle gelooss ginn.
Pollutioun ass net nëmmen eisen individuelle Knascht! Ee groussen Deel vum Problem entseet duerch d’Industrien an d' Landwirtschaft. Beispiller dofir ginn et masseg. Dee rezente Skandal iwwer den Handel mat illegale Pestiziden hei an Europa an déi onendlech Diskussiounen iwwer Glyphosat weisen, dass dëse Problem op ville Plazen nach net erkannt ass.
An dann d’Loftverschmotzung, déi ass nach liicht méi pervers, well een hei nach laang net alles esou gutt gesäit wéi um Buedem oder am Waasser. Loftverschmotzung ass net nëmme Smog, déi Mëschung aus Smoke a Fog, also Damp an Niwwel, deen ee mengt mat engem Messer kënnen duerchzeschneiden. Och un der Loftpollutioun si mer individuell staark bedeelegt. Auto, Fliger a Schëffer belaaschte mat enorm fille Schuedstoffer déi Loft, déi mir anootmen.
Pollutioun an all senge Formen ass ee globale Problem a wéi esou dacks... vum Mënsch selwer gemaach. An nëmme wann hei d’Politik, d’Gesellschaft an déi grouss Firmen et fäerdeg bréngen ze kooperéieren, kann een dëse Problem iergendwéi an de Grëff kréien.