Vill Leit hate sech erhofft, dass d’Corona-Pandemie wéinstens ee positiven Effekt op eis Ëmwelt hätt.

D’Foto vun eisem Planéit, déi am Joer 1968 vun der Apollo 8 aus dem Weltall gemaach gouf, huet der Mënschheet bewosst gemaach, dass eise Planéit endlech ass an dass mer net onendlech Ressourcen a Plaz op der Äerd hunn. Dat bedeit och, dass all den Dreck dee mer produzéieren, iergendwou hi muss, an datt et net dermat gedoen ass en an d’Poubelle ze geheien an domadder wier en "aus den Augen aus dem Sinn" an en hätt sech einfach a Loft opgeléist. 
Zemol Plastik ass ee Material, dat net einfach esou a séier verschwënnt.

Blog "Eko? Ass dach logesch!" Deel 11

Plastik ass net gläich Plastik, de populäre Sammelbegrëff steet fir eng grouss Zuel vu verschiddene Konschtstoffer a mir konzentréieren eis haut besonnesch op d'Thermoplasten, déi ganz Famill vun de Poly'en, fu Polyethylen bis Polyester. Eng Plastiksfläsch brauch zum Beispill iwwer 400 Joer fir sech ze zersetzen. Dat ass eng laang Zäit. A wa mer kucken, wéi vill Plastiksfläschen all Dag weltwäit produzéiert a benotzt ginn, kann ee sech virstellen, dass dat iergendwann net méi op geet. D’Resultat ass déi massiv Plastikverschmotzung an eise Flëss, de Mierer an u Land. 
8-10 Milliounen Tonne Plastik lande Joer fir Joer am Mier a schueden esou de Mieresdéieren an domat och eis Mënschen.

RTL

Ugeschwemmte Plastik op enger Insel an Thailand / © Julie Mathes

Eréischt nom 2. Weltkrich huet de Plastikboom esou richteg ugefaangen. D'amerikanescht Militär huet séier verstanen, wéi vill Virdeeler de Plastik huet, liicht formbar, resistent, splittert net, also ideal fir Frontscheiwe vun Autoen a Fligeren, an dobäi e bëllegt an dauerhaft Material. A genee dat ass haut ee vun de gréisste Problemer. Ma d'plastiks Success Story war net méi opzehalen, vun de Verpackungsfolien bis bäi Tupperware... the Story never ends an dee Saz kléngt ëmsou méi zynesch, wa mer gesinn, datt mer es net méi lass ginn.

Net all Plastik ass schlecht. Et gëtt fill Produiten aus Plastik, déi laangwiereg sinn an op déi mer haut net méi verzichte kënnen, an der Medezin, der Hygiène, der Sécherheet an der Liewensmëttelindustrie an nach fillen anere Beräicher. 
Ma da gëtt et awer dee Plastik, dee  just eng Kéier benotzt an duerno ewechgeheit gëtt. Plastikstuten, Fläschen, Schallimoen, Zigarettefilter asw. Dës Produiten droe gréisstendeels zu der Plastikspollutioun bäi a verschmotzen net nëmmen eis Ëmwelt, mä sinn och geféierlech fir d’Gesondheet vu Mënsch an Déier.

An dann nach de Mikroplastik, mat déi geféierlechst Form! 
Mikroplasik entsteet, wa gréisser Produkter aus Plastik, wéi zum Beispill Fläschen, duerch d'Erosioun an ëmmer méi kleng Deeler opgespléckt ginn. Mikroplastik gëtt awer och bewosst a ville Schéinheetsartikele bäigemëscht, wéi zum Beispill a Seefen oder Peelings. Dës Partikele landen och an de Flëss a Mierer, wou Déieren dës mini kléng Partikelen dacks mat Fudder verwiesselen a mat volle Bäich um Plastik futti ginn. Um Internet gesäit een dramatesch Filmer a Biller, déi dat weisen.

Ma hei kann awer jiddereen säin Deel bäisteieren fir dëse Plastikswan ze bremsen. A wann et nëmmen ass op eng Plastikstut am Geschäft ze verzichten oder säi eegene Kaffisbecher matzehuelen. Et gi mëttlerweil genuch Alternativen zum Plastik. Et muss ee se just notzen.

RTL

© Julie Mathes