
© pixabay
Vill Leit hate sech erhofft, dass d’Corona-Pandemie wéinstens ee positiven Effekt op eis Ëmwelt hätt.
Mëttlerweil gesäit een ëmmer méi Tuten, déi ausgesinn, wéi wa se aus Plastik wieren, obwuel drop steet "plastikfräi". Wat heescht dat genau? A sinn dës Plastik-Alternative wierklech besser fir eis Ëmwelt?
Et ass kloer, Plastik huet vill Virdeeler, déi eisen Alldag erliichteren. En ass liicht, flexibel a virun allem bëlleg hierzestellen. Dofir ass et och schwéier, Alternativen ze fannen, déi am Géigendeel zum Plastik der Ëmwelt net schueden an dës Virdeeler och opweises hunn. Glécklecherweis huet d’Wëssenschaft schonn e puer Léisunge fonnt, déi de Plastik kéinten ersetzen.
Eng Alternativ, déi dem Plastik zimmlech no kënnt, ass den Zockerrouer. Aus de Fasere vun den Iwwerreschter aus der Zockerproduktioun gëtt dee sougenannte „Bioplastik“ hiergestallt.
Maisstäerke „Maïzena“ ass och ee Réistoff, aus deem mëttlerweil vill plastik-alternativ Produiten hiergestallt ginn. Déi planzlech Stäerke gëtt wärend der Hierstellung an ee Polymer ëmgewandelt an doraus kann dann zum Beispill eng Tut fabrizéiert ginn, déi ee liicht mat normalem Plastik verwiessele kann. Op der Verpackung steet awer meeschtens drop, dass dës Produkter biologesch ofbaubar sinn.
Dëse Bioplastik steet awer och an der Kritik vun Ëmweltschützer a Wëssenschaftler. Och wann dëse Plastik aus Zockerrouer oder Maisstäerke biologesch ofbaubar ass an dobäi hëlleft, CO2 anzespueren, mussen heifir riseg Zockerrouer- a Maisfelder ugeluecht ginn. Fir dës Felder ze bewirtschaften, brauch een dann erëm Diesel, Dünger a genuch Landfläch, wouduerch d’Biodiversitéit vun den Ekosystemer ronderëm a Gefor geréit.
Et däerf ee sech keng virmaachen, dëse Bioplastik gëtt dacks mat äerdueleg-baséiertem Konschtstoff gemëscht an ass entgéint der Behaaptung net 100% biologesch ofbaubar. Dës Produkter soll een och net doheem op de Kompost geheien, well dëse Bioplastik vill méi laang brauch, fir sech ze zersetzen.
Eng besser Alternativ wär, wann een d’Verpackung einfach matiesse kéint?
Dat huet sech och d’Startup Firma „Notpla“ mat hirer Erfindung Ooho Bubbles geduecht.
Ooho Bubbles gesinn op den éischte Bléck aus ewéi Plastik, sinn awer am Fong flexibel an duerchsichteg Bullen, déi aus Algen hiergestallt sinn. Dës Innovatioun ass entstanen,, wéi jonk Studenten no enger Alternativ fir de massive Gebrauch vu Plastiksfläsche bei Marathone gesicht hunn. Dës Bulle ginn also mat Waasser gefëllt a wa se gedronk sinn, kann d'Verpackung matgiess ginn an esou dee massiven Dreck evitéieren.
Och déi indonesesch Firma „Evovare“ huet en iessbaart a soumat biologesch ofbaubaart Verpackungsmaterial aus Algen hiergestallt, dat een ënner anerem fir „Instant-Nuddele“ gebrauche kann. Dëst Material léisst sech a kachendem Waasser op an hannerléisst deemno och keng Verpackungsiwwerreschter.
Elo stellt sech d’Fro, ob dëse Bioplastik dann elo wierklech besser ass fir d’Ëmwelt wéi den industrielle Plastik. D'Meenunge ginn do wäit auserneen. Sécher ass, datt d’Hierstellung an d’Entsuerge vu Bioplastik manner CO2-Emissioune generéieren an d’Reserve vum Äerdueleg geschount ginn. Donieft schued de Bioplastik weder eiser nach den Déieren hirer Gesondheet, well en ouni déi gëfteg Elementer vum industriell hiergestallte Plastik auskënnt.
De Biokonschtstoff, deen aus Maisstäerke oder Zockerrouer produzéiert gëtt, muss ugebaut ginn an huet, wéi mer virdru gesinn hunn, negativ Konsequenze fir d'Ëmwelt. Alge wieren domat villäicht déi nohaltegst Alternativ zu Plastik, well et op ville Plazen Algen am Iwwerfloss gëtt a se net extra missten ugebaut ginn.