
© GEORGES GOBET / AFP
Reduzéieren, Weiderbenotzen a Recycléieren, dat sinn déi dräi Bausteng vun der 3-R-Pyramid.
Dës Iddi kënnt aus dem Engleschen a steet fir Reduce, Resue, Recycle. Ma wat stécht dohannert?
Déi bekannten dräi R, also Reduzéieren, Weiderbenotzen a Recycléieren, sollen hëllefen, fir manner Dreck ze produzéieren, natierlech Recoursen ze schützen, a sou och manner Landfläch ze notzen. An anere Wieder heescht dat: Et keeft een näischt, wat een net braucht, et benotzt een ee Produit esou dacks et geet, an dat wat een ewechgeheie muss, recycléiert ee richteg. Dat kléngt jo am Fong ganz einfach. Firwat kafen da vill Leit awer Kleeder, déi se ni undoen oder gebrauchte Plastiksgeschier wat se duerno ewechgeheien oder geheien einfach alles an eng eenzeg Poubelle? Villäicht ass eng Äntwert op dës Fro, well een et entweder net besser weess oder well een ze faul ass, sech Gedanken doriwwer ze maachen. Et gëtt awer héich Zäit, sech mat dësem Problem auserneen ze setzen, well wann all Mënsch schonn nëmmen e bëssen no dësen dräi Konzepter liewe géif, géif dat eiser Ëmwelt schonn immens gutt doen.
Wat heeschen dës 3 R'en dann elo genau?
Op éischter Plaz steet d’Reduzéieren. Et ass kloer, dass wann ee säi Konsum reduzéiert, reduzéiert een automatesch den Dreck, deen ee produzéiert. Et fänkt domat un, dass wann een an engem Geschäft ass oder souguer éiert een iwwerhaapt akafe geet, ee sech Gedanke mécht, wat een elo wierklech brauch. D’Reduzéieren ass awer net nëmme bei Produiten, mä do zielt och d’Benotze vu Waasser an Energie dobäi. Dat heescht de Krunn zoudréien, wann et net néideg ass an d’Luuchten ausmaachen, wann ee se net brauch. De minimalistesche Liewensstil ass hei ee Paradebeispill, deen op de Sozialen Netzwierker ganz populär ass a wou et drëm geet, esou wéineg wéi méiglech ze besëtzen.
Deen zweeten R aus der Pyramid ass op Englesch ‘Reuse,' also Weiderbenotzen. Et ass nach net esou laang hier, do war dëse Begrëff selbstverständlech. Viru ronn 50 Joer huet ee Miwwele vun den Eltere weiderbenotzt an dës dann un déi nächst Generatioun verierwt. Haut geet een an d’Ausland studéieren, keeft sech bëlleg Miwwelen a geheit dës meeschtens duerno ewech. Dat ass d’Konsequenz vun eiser kapitalistescher Konsumgesellschaft, wou een ëmmer weider konsuméiere muss, fir de Marché um Rullen ze halen. Dat funktionéiert esou, dass een ee Produit entweder ewechgeheie muss, well d’Qualitéit esou schlecht ass oder et ersetzt een ee Produit well den Trend changéiert huet an een dësem dann nogeet. Dëst Verhalen ass awer alles aneres wéi nohalteg an duerfir gëtt et héich Zäit, fir en Ëmdenken an erëm ee Schratt zeréckzegoen. Dat heescht och fir Qualitéit iwwer Quantitéit ze setzen, a Produiten ze vermeiden, déi een no enger Kéier benotzen ewechgeheit. Hei kann een och kreativ ginn a Produiten déi hiren ursprénglechen Notzen net méi erfëllen, veränneren a sou eppes Neies kreéieren. Eng aner Méiglechkeet ass d'Konzept vum Second Hand ze notzen an zum Beispill Kleeder, déi een net méi undeet, ze verkafen oder u Second Hand-Butteker ze spenden.
Et kennt een awer iergendwann op dee Punkt, wou ee verschidde Produiten ewechgeheie muss. Hei ass et da wichteg, dës ze recycléieren. De Prozess vum Recycele féiert dozou, dass Produite weiderverschafft kënne ginn, a sou de Kreeslaf funktionéiere kann. Nëmmen esou kann ee vermeiden, dass den Dreck, dee mer produzéieren, am Buedem oder an eise Mierer lant.
Et ass sécher, dass den 3-R Prinzip dozou féiert, méi ëmweltfrëndlech ze liewen a jidderee kann dozou bäidroen, wann ee seng perséinlech Gewunnechten e bësse verännert a sech dësen dräi Konzepter upasst.