
Och dëse Summer, deen duerch de Coronavirus anescht wéi soss war, hu vill Leit et doheem net méi ausgehalen a si puer Deeg oder Wochen an d’Vakanz gefuer.
Tourismus an Nohaltegkeet sinn zwee Begrëffer, déi dacks net beienee passen. Wat sinn dann elo déi positiv an negativ Effekter vun der Tourismusindustrie? A wéi kann ee méi ëmweltfrëndlech reesen?
Ee Croisièresschëff produzéiert am Duerchschnëtt 70.000 Tonnen Dreck. Den Tourismus weltwäit ass fir 8% vun de globalen CO2-Emissiounen responsabel. D’Lëscht vun den negativen Impakter, déi den Tourismus mat sech bréngt, ass laang an dat net nëmme vun engem ekologeschen, ma och vun engem sozio-kulturelle Standpunkt. Et däerf een net vergiessen, dass den Tourismus, zemools a manner entwéckelte Länner, wesentlech zur Ekonomie bäidréit. Weltwäit maachen dat ronn 10% vum globale PIB a 235 Milliounen Aarbechtsplazen aus. Kuerz gesot: Et geet net ouni den Tourismus. Awer net de Massentourismus, dee sech an de leschte Jore breet gemaach huet. Et kann nämlech net sinn, dass duerch dës Industrie eis natierlech Ressourcë knapp ginn, wou eng Nuecht am Hotel ronn 30 Kilo CO2 produzéiert an 22 Liter Waasser op de Kapp verbraucht ginn. Et ass och liicht pervers, dass déi Industrie, déi am Fong ofhängeg ass vun der Natur, un d’Plagen an d’Bierger denkt, dës awer gläichzäiteg zerstéiert an donieft déi lokal Kultur ënnerwandert. Et misst also ëmgeduecht ginn, fir ee Wee ze fannen, wéi een ouni kulturellen an ekologesche Schued d’Tourismusindustrie kann entwéckelen.
Begrëffer wéi Eko-Tourismus, Natur-Tourismus oder méi generell nohaltegen Tourismus, leien ëmmer méi am Trend. Och wann et nëmme kleng Ënnerscheeder gëtt, hu se alleguer eppes gemeinsam an dat ass een Tourismus, deen den authentesche Flair vun den Destinatioune bäibehält, d’Ëmwelt an déi natierlech Ressourcen schount an d‘Awunner ënnerstëtzt duerch lokal Aarbechtsplazen ouni den Afloss vu grousse geldgierege Firmen, deenen déi lokal Gemeinschaften egal sinn.
Natierlech kritt een esou en Ëmdenken net vun haut op muer an d’Branche selwer, zesumme mat der Politik, mussen do Engagement weisen, fir de Secteur ëmzeformen. Den eenzelen Tourist kann awer och säin Deel dozou bäidroen, andeems een op e puer einfach Saachen virun a wärend der Rees oppasst. Wat den Transport ugeet, kann ee scho vill Emissioune spueren, wann een den Zuch amplaz vum Fliger hëlt. Natierlech ass dat net ëmmer méiglech, mäe wann et méiglech ass, soll engem bewosst sinn, dass Zuch fueren 10 Mol manner verbraucht wéi fléien. Wann een awer de Fliger huele muss, fir op seng gewënschten Destinatioun ze reesen, soll ee sech schlau maachen an CO2-Offsets oder Klimakompensatioune kafen, wann een e Fluch bucht. An der Vakanz, kann ee sech zum Beispill ee Vëlo amplaz en Auto lounen. Et huet ee jo an der Vakanz endlech Zäit a mam Vëlo oder ze Fouss gesäit een dacks vill méi vun der Géigend wéi mam Auto. Als ëmweltbewossten Tourist ass et awer och wichteg, lokal a saisonal Produiten ze kafen. Dës sinn dacks net nëmme besser am Goût, mä och gutt fir d’Ëmwelt an déi lokal Produzenten.
Ee leschten Tipp fir mat op de Wee, ass am Viraus plange wou een higeet, wéi d’Kulturen an d’Traditiounen hei sinn a wou een eng Schlofplaz kritt, déi ëmweltfrëndlech ass. Et fënnt ee mëttlerweil um Internet genuch Informatiounen iwwert Eko-frëndlech Hotellen, Campingen oder Air BnB’s. Et muss ee just e bësse Recherche maachen an dobäi huet een da schonn d’Virfreed op d’Vakanz.
Wien sech weider informéiere wëll!
En Documentaire iwwert déi negativ Effekter vum Massentourismus an Thailand:
Wou een nohalteg Schlofplazen fanne kann: www.ecobnb.com
E Guide fir ëmweltfrëndlech ze Reesen, ouni der Natur an den eenheemesche Kulturen ze schueden: “The Interpid Traveler” vum Adam Rogers.