De Summer ass fir déi meescht Vakanzenzäit. Ma dës Vakanze kënnen awer dramatesch Konsequenze fir eis Ëmwelt hunn.

Ëmmer méi Leit wëllen duerfir méi bewosst an nohalteg reesen. Sou ass de Begrëff "Ekotourismus" an d'Liewe geruff ginn. Wat stécht genau hannert dësem Begrëff a leeën d'Lëtzebuerger an d'lëtzebuergesch Betriber Wäert op Nohaltegkeet an hirer Vakanz?

Eko Ass dach logesch! - Deel 22

Ekotourismus, wat ass dat?

D'Konzept vum Ekotourismus soll awer net nëmmen eiser Natur ze gutt kommen, mä och der Kultur an deem Sozialen. D'Definitioun vum Ekotourismus berifft sech op ee Konzept dat d'wirtschaftlech, sozial, an ekologesch Konsequenze berécksiichtegt fir esou de Besoine vun den Touristen, der Industrie, der Ëmwelt an den Awunner gerecht ze ginn.

D'Haaptpunkte vun dësem Konzept sinn d'Ëmweltressource ze schounen, d'Kultur vum jeeweilege Land ze respektéieren, an d'Ekonomie ze ënnerstëtzen. Mech huet interesséiert, ob och d'Leit hei am Land wäert op Nohaltegkeet an hirer Vakanz leeën.

Ëmfro: Nohaltegkeet an der Vakanz

Wann een also nohalteg reese wëll, soll een als éischt d'Transportmëttel richteg wielen, fir op seng Vakanzendestinatioun ze kommen. Hei ass gewosst, dass de Fliger am meeschten ëmweltschiedlech ass. Dat heescht, wann ee kann drop verzichten, soll een éischter op Auto oder am beschten op den Zuch ëmklammen. Donieft ass et wichteg, op senger Destinatioun dann och op ëmweltfrëndlech Transportmëttel, wéi ze Fouss, mam Vëlo, mam Kajak oder och mam ëffentlechen Transport sech fortzebeweegen. Nieft dem Transport kann een och beim Buche vun der Iwwernuechtung op nohalteg Alternativen ëmklammen. Hotelle si bekannt, fir en immens héije Waasserverbrauch ze hunn, duerch d'deeglech Wäsche vun Dicher a Bettwäsch oder och grouss Piscinnen. Hei ass eng méi nohalteg Alternativ Vakanzenhaiser, Chamber d'hôtes, Campingen oder méi kleng ëmweltfrëndlech Hotellen. Hei profitéiert net nëmmen d'Natur dovu, mä och déi lokal Gesellschaft, well dacks hunn dës net vill vum Profit vu groussen Hotelsketten. Ma och bei aneren Decisiounen an der Vakanz kann ee sech fir nohalteg Alternativen entscheeden. Zum Beispill kann een hei oppassen, fir lokal a saisonal ze iessen. Esou léiert een an engems d'Iesskultur vun deene jeeweilege Länner kennen.

Et ass also net esou schwéier, méi nohalteg an d'Vakanz ze goen oder?

Och zu Lëtzebuerg kann een ëmweltfrëndlech Vakanz maachen.

Ekotourismus zu Lëtzebuerg mam Eko-Label

Den Eko-Label ass hei zu Lëtzebuerg viru ronn 20 Joer agefouert ginn, fir nohaltegen Tourismus ze ënnerstëtzen. Et ass eng Initiativ vum Tourismusministère zu Lëtzebuerg an dem Ökozenter Pafendall. Dësen Eko-Label gëtt un Hotellen, Campingen oder Jugendherberge verginn, déi Efforte maachen, fir hir Servicer nohalteg ze gestalten. Dëse Label ass a 5 Kategorien agedeelt: Ëmweltgestioun, Energie, Offall, Akaf, a Waasser. Fir dësen Eko-Label ze kréien, mussen natierlech verschidde Krittären erfëllt ginn. D'Isabelle Schummers, Ëmweltberoderin beim Ökozenter Pafendall, erkläert, dass ee Betrib fir d'éischt säi Personal a seng Cliente gutt informéiere muss iwwert alles, wat Nohaltegkeet ugeet. Si musse grénge Stroum benotzen, Energiespuerluuchten an och Mesuren huelen, fir den Offall ze vermeiden. Wann een dann als Betrib ee Restauranten huet oder moies Kaffi ubitt, muss een och kucken, dass ee groussen Deel vu saisonalen a lokale Produiten a Bioproduiten ugebuede ginn. Da gëtt awer och gekuckt, dass recycléierte Pabeier geholl gëtt an aner ëmweltfrëndlech Produiten.

Wann ee Betrib dann interesséiert ass, dësen Eko-Label ze kréien, da schafft ee Conseiller vum Ökozenter Pafendall mam Betrib zesummen a kuckt, wéi dësen déi verschidde Krittären erfëlle kann. Hei ginn all dräi Joer Kontrolle vun engem Audit gemaach, wou een Auditeur Independant externe op d'Plaz kënnt a kuckt, ob all d'Critèren erfëllt sinn oder net.

Zu Lëtzebuerg hunn am Moment 42 Betriber den Eko-Label Lëtzebuerg, dorënner Campingen, Hoteller a Gruppenhebergementer. Ma d’Nofro wiisst awer, betount d'Isabelle Schummers. All Joer kommen hei nei Betriber dobäi, entweder just fir d'Berodung oder och fir den Audit duerno matzemaachen. Et sinn awer och ëmmer Betriber, déi ewechfalen, meeschtens, well se zoumaachen oder well de Gerant gewiesselt huet. Vue dass et awer am Moment een Trend ass, fir nohalteg ze sinn. si sou ekologesch Labelen ee Pluspunkt fir d'Betriber seet d'Isabelle Schummers weider.

Si betount awer och, dass dësen Eko-Label ëmmer nees ugepasst gëtt an esou déi aktuell Innovatiounen aus dem Ëmweltberäich berécksiichtegt ginn. Dëst soll och Betriber motivéieren,  hir Servicer nach méi nohalteg ze gestalten, fir herno am Audit besser ofzeschneiden a sech de Gold-Label ze verdéngen.

RTL

© Oekozenter Pafendall

Zwee Lëtzebuergesch Betriber si viru Kuerzem mam Eko-Label Gold belount ginn

De Parkhotel zu Munneref an de Camping Léifreg am Naturpark Uewersauer sinn zwee Betriber, déi duerch hir Efforten an der Nohaltegkeet souguer mam Eko-Label-Gold belount gi sinn. Wat war hei d'Haaptmotivatioun, fir dëse Label ze kréien? D'Anna Hollenbach, Mataarbechterin am Beräich Marketing, Gruppen, Event an Nohaltegkeet beim Camping Léifreg, betount, dass et eng Mëschung tëscht perséinlechem Interessi um Thema Nohaltegkeet war an der Lag vum Camping. Dëse läit nämlech am Häerz vum Naturpark Uewersauer, net wäit vum Stauséi ewech an et war hinnen hei wichteg, dass d'Gäscht, déi heihinner kommen, net nëmme Vakanz an der Natur maachen, mä och am Aklang mat der Natur an do huet sech den Eko-Label eben ugebueden.

Och am Parc Hotel zu Munneref war d'Motivatioun virun allem aus der Iwwerzeegung eraus, dass et haut net méi ouni Nohaltegkeet geet. De Pierre Plumer, Generaldirekter vum Domaine Thermal zu Munneref huet erkläert, dass si schonn an der Vergaangenheet als Centre de thermal et de Santé aktiv am Beräich Gesondheet an Ëmwelt waren. Zanter Joren hu si schonns a Bio a lokaalt Iessen investéiert, recycelen vill, an hate schonns de Superdreckskëscht-Label. Sou war et fir si also nëmmen ee logeschen nächste Schrëtt, fir den Eko-Label ze kréien.
 
Dës Ännerungen, fir méi nohalteg ze ginn a sech den Eko-Label ze verdéngen, kënnen awer net vun haut op muer ëmgesat ginn an dacks huet ee fir d'éischt mol e puer vun de Critèren erfëllt a gëtt mam Bronze- oder Sëlwer-Label belount. Ma dës zwee Betriber waren awer Musterschüler an hunn et direkt gepackt, sech de Gold-Label ze verdéngen. Dëst huet eng Rei vu klenge Changementer virausgesat. Um Camping Léifreg war dat zum Beispill eng nei Zesummenaarbecht mat Rentalbykes zu Wolz, déi hinnen elo ëmmer E-Bykes a Mountainbykes bréngen, fir dass d'Leit um Camping net onbedéngt op den Auto ugewise sinn fir sech fortzebeweegen. Dann hu si bei der Snackbar d'Eko-box agefouert, fir dass d'Leit sech Iessen aus der Eko-box mat bei de Camper oder bei d'Zelt huele kënnen. Si hunn awer och méi kleng Changementer agefouert, wéi zum Beispill den Duerchfloss vum Waasser an den Duschen an an de Lavaboen erofgedréint, fir dass hei manner Waasser duerchleeft. Da gouf et och ee Projet vum Naturpark Uewersauer, wou een heemesch Hecken uplanze kann, an do huet sech de Camping och engagéiert erzielt d'Anna Hollenbach.

Nieft dem gréisste Changement fir an den Hotelszëmmeren ee Recyclingssystem anzeféieren, huet och de Parc Hotel weider kleng Verännerungen duerchgefouert, fir sech den Eko-Label ze verdéngen. Beim Akaf hu si zum Beispill  ee ganze Koup vu Saache geännert an alles mat Plastik eliminéiert . Donieft hu si och ee Projet gemaach fir den Offall vun den Zigarettestommelen anzesammelen. An den Zëmmeren hu si dann zum Beispill keng individuell Seefen a Shampoing méi an insgesamt hunn och all hir Botzproduiten den Eko-Label.

Ma fir d'Zukunft hu béid Betriber weider nohalteg Projeten en vue. Um Camping kann ee sech iwwert ee gréissere Changement freeën. Hei gëtt nämlech 2023 een neit Sanitärgebai aus Holz gebaut dat komplett nohalteg ass. Aner méi kleng Projeten sinn zum Beispill ee klenge Kraidergaart, a säit dëser Woch hu si och eng kleng Epicerie an engem ale Foodtruck, wou et déi Basis Produiten ze kaafe gi, fir dass d'Leit net extra op Pommerlach fuere musse fir Klengegkeeten anzekafen.

Zu Munneref soll dann an der Zukunft Nohaltegkeet net nëmme fir den Hotel gëllen mee fir d'ganzt Thermalbad. Hei betount de Generaldirekter awer dass dat ee klengen Challenge wäert ginn, vue dass de Wellnessberäich elo net onbedéngt bekannt ass fir energie- oder waasserspuerend ze sinn. Si wëllen awer heiru schaffen an dësen an Zukunft méi nohalteg gestalten an och virun allem erneierbar Energiequellen zum Asaz bréngen.

D'Anna Hollenbach an de Pierre Plumer erklären allen zwee dass et net ëmmer einfach ass all dës Changementer am eegene Betrib ëmzesetzen, ma si betounen awer dass et sech op alle Fall lount. D'Spuere vum Waasser a Stroum ass nämlech net eleng fir d'Ëmwelt profitabel mee och fir de Portmonni vum jeeweilege Betrib. Donieft gëtt et engem selwer an de Clienten ee bessert Gefill wann ee weess dass een och an der Vakanz der Ëmwelt net schuet mee am Géigendeel een Deel vun der Léisung fir d'Zukunft ass.

Eko? Ass dach logesch! op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.