Nieft Fléien an Auto fueren ass och d'Bauen ee vun de Klimakiller.

Zu Lëtzebuerg gëtt den Ament awer ee Gebai gebaut, wat et gepackt huet, Nohaltegkeet an alle Beräicher vun der Konstruktioun an de Virdergrond ze setzen.  

Eko? Ass dach logesch - Deel 23

D'Majoritéit vun den CO2-Emissiounen, déi op d'Bauindustrie zeréckzeféiere sinn, komme vun de Réistoffer, déi heifir genotzt ginn. De Bëtong, deen haaptsächlech gebraucht gëtt, fir eis modern Gebaier ze bauen, ass nämlech extrem energieintensiv. Elleng d'Hierstellung vum Zement ass laut Statistik fir ronn 2% vun all den Co2-Emissioune verantwortlech. Et ass deemno wichteg, op nohaltegt Bauen ëmzeklammen, fir eisen Co2-Foussofdrock ze verklengeren. De Projet Äerdschëff ass hei ee Virbild. D'Zil vum Projet ass ze weisen, wéi een un Hand vun den natierleche Ressourcen, déi een an der Ëmwelt fënnt, ee Gebai baue kann, dat komplett klimafrëndlech ass, wéi d'Annick Meiers, Coordinatrice beim Projet "Äerdschëff," erkläert:

D'Ambitioun ass wierklech ze weisen, dass d'Ressourcen op eisem Planéit limitéiert sinn. Zum Beispill wann een doheem de Krunn opdréint, da leeft et ëmmer weider. Hei am Äerdschëff ass dat anescht. Hei gëtt just Waasser gebraucht, wat vum Reewaasser opgefaange gouf. Dat heescht, wann een de Krunn ëmmer lafe léisst, kënnt iergendwann näischt méi eraus, well d'Reserven opgebraucht sinn. Genau dorop wëlle mir opmierksam maachen a weisen, dass ee seng Liewensaart a -weis upasse muss, fir deene Limitte gerecht ze ginn. 

RTL

Fir dëse Projet nohalteg ze bauen, si virun allem d'Materialien ee wichtege Punkt. Hei wollt ee gréissten Deels op recycléiert Materialien zeréckgräifen, wat awer net ëmmer méiglech war. Duerfir huet de Projet misste verschidde Kompromësser agoen, wou si mat Entreprisen zesummeschaffe missten. A well d'Entreprisen dacks u Garantien  gebonne sinn, gebrauche si léiwer keng benotzte Materialien. Duerfir misste si op natierlech an ekologesch Materialien ëmklammen. Zum Beispill ass sou lokaalt Holz hei aus der Regioun genotzt ginn an Isolatiounsmaterialie wéi Stréi, Kork, Hanf, Mycelium a Miscanthus.

Et ass also probéiert ginn, sou vill wéi méiglech op Zement ze verzichten, nohalteg Materialien ze notzen, an och gebrauchte Materialien anzesetzen. Bottlebricks a Maueren aus Pneue sinn nëmmen e puer Beispiller. Nieft verschidde Komplikatiounen am Ufank vum Projet, ass et awer gréisstendeels no Plang gelaf. Bis Enn dës Joers soll de Bau-Projet da fäerdeg sinn. Ma wat geschitt duerno mat dësem Äerdschëff?

 Den Dram war ëmmer ee "Learning Centre" am Äerdschëff duerno ze hunn. Deem Dram si mir och elo ee Stéck méi no. Säit engem gudde Joer schafft elo schonn eng Ekipp vun dräi Leit un engem éischte Projet, deen no der Bauphas soll an d'Äerdschëff kommen. Dëse Projet heescht ARCS (Äerdschëff Regenerative and Circular Science) an den Haaptfokus läit drop, fir edukativ Programmen auszeschaffen a Workshoppe kënnen unzebidden zu Themen, wéi regeneratiivt Liewen, Transition movement, Permakultur, wéi eisen Alldag upassen, wann ee wëll mat manner Ressource liewen, d'Ekonomie circulaire. 

Spannend Ziler a Projeten, déi hei geplangt sinn. Ma bis dëst realiséiert ka ginn, ass awer nach e bëssen eppes ze dinn. Duerfir mécht d'Ekipp vum Äerdschëff och een Opruff u jiddereen, dee Loscht huet, ze hëllefen, d'Gebai beim Lycee zu Réiden bis Enn des Joers fäerdeg ze bauen.

RTL

© Julie Mathes

Hei kennt der iech umelle fir beim Projet ze hëllefen:
https://aerdscheff.cell.lu