Hei zu Lëtzebuerg hu mir bal 1.800 Kilometer Uewerflächegewässer, déi virun allem mat der Meuse a mam Rhein verbonne sinn.

Neiséiland huet Enn lescht Joer eng nei Reglementatioun erausbruecht fir Flëss, Baachen a Séien am Land besser ze schützen an hei den héijen Taux u Pollutioun erofzesetzen, fir d'Biodiversitéit z'erhalen. Déi neiséilännesch Baueren hunn dorobber kritesch reagéiert a sinn d'lescht Woch op ville Plazen am Land op d'Strooss gaangen an hu géint dës nei Mesurë protestéiert. Dës sollte jo am Fong nëmmen eiser Ëmwelt ze gutt kommen. Hei bedeit dat fir d'Baueren, ënner anerem dass si d'Uewerflächewaasser op hire Proprietéiten agrenze mussen an hire Gebrauch un Nitrogen méi streng kontrolléiert gëtt. Ma wéi staark ass d'Uewerflächewaasser dann hei am Land verknascht a wat gëtt gemaach fir dës ze schützen? Wat bedeit dat da fir d’Baueren?

Eko? Ass dach logesch - Deel 24

Hei zu Lëtzebuerg hu mir bal 1.800 Kilometer Uewerflächegewässer, déi virun allem mat der Meuse a mam Rhein verbonne sinn. Dës Gewässer sinn net nëmme wichteg als Drénkwaasserquell oder fir Ästhetik vun der Landschaft, mee si zeechne sech virun allem duerch eng grouss Aartevillfalt aus. Leider ass an de leschte Joerzéngten duerch mënschlech Aktivitéiten, wéi zum Beispill d’industriell Landwirtschaft d’Qualitéit vun dëse Gewässer extrem zeréckgaangen an domadder ass och op ville Plazen d'Aartevillfalt reduzéiert ginn. Och haut sinn eis Gewässer nach net am beschten Zoustand. De Jean-Paul Lickes, Direkter vum Waasserwirtschaftsamt, erkläert an engem Interview, dass d'Wasserrahmerichtlinnen eigentlech virgesinn, dass e gudden Zoustand vun eise Gewässer bis spéitstens 2027 muss erreecht ginn. Wat genee e gudden Zoustand ass, ass relativ komplex an hänkt vu verschiddene Saachen of. Dozou gehéieren zum Beispill d'Belaaschtunge vun Närstoffer a Pestiziden. De Jean-Paul Lickes betount, dass et do den Ament leider net ganz gutt ausgesäit an, dass hei nach vill muss dru geschafft ginn, ënner anerem mat den Acteuren aus der Landwirtschaft.
 
Den Trend ass den Ament also éischter stationär, betount den Direkter weider. Ma hei géing awer u Mesurë geschafft ginn, fir bis 2027 dësen Trend ze änneren. Do ginn et Moossnamen, déi méi einfach ëmzesetzen sinn. Zum Beispill sou Saache wéi Uferrandsträifen. Uferrandsträife si Bande laanscht d'Waasser, wou eigentlech keng Bewirtschaftung an deem Sënn stattfënnt, also wou weder gedüngt gëtt nach Pestiziden agesat ginn. Dat ass da wéi ee Puffer, wou tëschent der Baach an dem bewirtschafte Feld eng neutral Zon ass. Dat géing verhënneren, dass verschiddene vun dëse Stoffer aus dem Feld an d'Baache komme géingen, erkläert de Jean-Paul Lickels. Dëst géing dann d'Qualitéit vum Gewässer wesentlech verbesseren. Op der anerer  Säit wär et och wichteg a verschiddene sensibelen Zonen nach vill méi op Bio-Landwirtschaft ëmzeswitchen.

Fir dës Mesuren ëmzesetzen ass natierlech de Kontakt an den Austausch mat de betraffene Baueren extrem wichteg. Wa si hei net mat am Boot setzen, kann een esou Mesurë schwéier ëmsetzen, wéi d’Beispill an Neiséiland weist. Dofir gëtt hei probéiert de Baueren esou gutt wéi méiglech ënnert d’Äerm ze gräifen, behaapt den Direkter. Si hunn och hei Austausch mat staatlechen Instanzen a mat der Asta, fir ze kucken, wéi verschidde vun dëse Mesure co-subventionéiert kënne ginn. Do ginn et zum Beispill Programmer fir finanziell Ënnerstëtzung, fir datt d'Baueren hei net zu 100 Prozent op dëse Fraise sëtzebleiwen.

Op d’Fro hi wat d’Situatioun mat den Iwwerschwemmunge fir Auswierkungen op d’Gesondheet vun eisen Gewässer huet, ass de Jean-Paul Lickes éischter positiv agestallt. Natierlech sinn hei och Masuttstanken ausgelaf, mä duerch déi extrem grouss Quantitéiten u Waasser, hu sech dës och zum Deel opgeléist. Déi genee Bestandsopnam vun eise Gewässer kéint een awer fréistens an 3 bis 4 Woche gesinn, erkläert den Direkter weider. Hien ass awer iwwerzeegt, dass een insgesamt keen immens groussen Afloss vu sou natierlechen Evenementer op d'Fauna a Flora gesi wäert. Et ass scho kloer, dass verschidde kleng Liewewiesen dorunner leiden. Mä déi regeneréiere sech awer och no enger gewëssener Zäit. Den Direkter betount, dass Iwwerschwemmungen een natierleche Phenomen sinn an zu engem natierlechen Zyklus vun engem Fléissgewässer dozougehéieren.

Ob mir et dann elo wierklech packen, bis 2027 e gudden Zoustand vun eise Gewässer ze erreechen, ass ofzewaarden. Mä wou een als eenzel Persoun säin Deel bäidroe kann, ass zum engen keen Dreck an d’Natur ze geheien, well dësen dacks an de Flëss lant, an zum anere soll een net a kleng Baachen oder Flëss schwammen ze goen. Dëst stéiert nämlech och eis Fauna a Flora. Et soll een duerfir just an déi Séie goen, déi als Badegewässer definéiert sinn. Hei zu Lëtzebuerg sinn dat de Stauséi, d’Baggerweieren zu Rëmerschen an de Séi zu Wäiswampech.