"Extinction Rebellion" ass nieft Greenpeace a "Fridays for Future" eng vun den Ëmweltaktivistenorganisatiounen.

Si kämpfen duerfir, d'Politiker an d'Gesellschaft drop opmierksam ze maachen, dass d'Klimakris do ass an dass elo gehandelt muss ginn.

Eko? Ass dach logesch! (25)

"Extinction Rebellion" ass virun zwee Joer an England entstanen an zanterhier kann een d'Organisatioun a villen anere Stied a Länner fannen, ënner anerem och hei zu Lëtzebuerg. Obwuel dës Gruppen all ënnerschiddlech schaffen, hu se ee gemeinsaamt Zil, an dat ass sech fir eng Welt anzesetzen, déi och nach fir eis Nokomme liewenswäert ass, erkläert d'Danny Gaasch, Member vun Extinction Rebellion. Hinnen hir Fuerderungen un d'Regierunge vun der Welt wären: Lauschtert de Wëssenschaftler no, wat si iwwert d'Ëmweltzerstéierung soen. Lauschtert hinnen no an handelt duerno a sot de Leit d'Wouerecht.

Fir dës Fuerderungen ze stellen, organiséiert "Extinction Rebellion" reegelméisseg Aktiounen, déi op spezifesch Problemer opmierksam maache sollen. Zum Beispill d'lescht Joer, wou dee laangen dréchene Summer war, huet Extinction Rebellion ëmmer erëm Aktiounen organiséiert, wou si mat Kräid Zeechnungen oder Schrëften op de Buedem oder och op Stroosse gemoolt hunn, wou e klenge Vëlo ze gesi war. Domat wollte si weisen, dass do zum Beispill ee Vëloswee kéint lafen. An dësem Joer, 2021, hu si elo och schonn eng ganz Rëtsch un Aktioune gemaach. Déi Wichtegst war de Countdown fir d'Biodiversitéit. Dobäi hu si eng Rei Haaptverkéiersstroossen an der Stad Lëtzebuerg wärend der Haaptverkéierszäit blockéiert, an dëst wärend esou vill Sekonnen, wéi Prozenter vun enger bestëmmter Déierenzort ausgestuerwe sinn. Zum Beispill, 75% vun den Insekte sinn ausgestuerwen, dann hu si eng Strooss 75 Sekonne blockéiert a gläichzäiteg den Automobiliste mat Fluchblieder erkläert, wourëm et hinne géing goen.

D'Pandemie huet awer och si getraff, an dat net nëmmen intern an der Organisatioun, mee et huet virun allem d'Ëmweltsujeten iwwerdeckt.

Danny Gaasch: Dir erënnert iech, 2019 gouf an der ganzer Welt geschwat vum Greta Thunberg oder vu "Fridays for Future", an elo zanter bal 2 Joer gëtt just nach vun der Pandemie geschwat. Och déi Regierungsmoossnamen, déi ergraff gi si fir d'Wirtschaft no der Pandemie erëm un d'Lafen ze bréngen, sinn nëmmen zu engem ganz, ganz klengen Deel nohalteg. Mir wëssen, dass d'Ëmweltkris net waart, just well mir elo keng Zäit fir si hunn. Mir wëssen, dass et net méiglech ass, fir ze soen: Elo hu mir Corona an ignoréieren d'Ëmweltkris einfach. Si wäert net verschwannen a mir gesinn et vill méi esou, dass mer soen: Déi Coronakris, dat war elo wéi eng grouss Well, eng Katastrophewell, awer dohannert lauert nach eng vill méi schlëmm Katastrophewell. Dat ass d'Klimakris, d'Ausstierwe vun den Déierenaarten, de Plastiksproblem, d'Pollutioun vum Waasser, vun der Äerd, vun der Loft, an all dat geet net ewech, just well mir net wëlle kucken an eis et net wëllen agestoen.

RTL

An aus deem Grond probéiert Extinction Rebellion, och wärend der Pandemie, esou gutt et geet, dës Problemer mat hiren Aktiounen un d'Ëffentlechkeet ze bréngen. Déi nächst Aktioun, déi si geplangt hunn, betrëfft den "Earth Overshoot Day." Dat ass deen Dag, wou d'Mënschheet deen Deel u Ressource verbraucht huet, deen d'Äerd an engem Joer reproduzéiere kann. Deen Dag ass den 29. Juli, dat heescht nom 29. Juli lieft d'Mënschheet esou, wéi wann et méi ewéi eng Äerd géing ginn, vun där mir kënnen d'Ressource verbrauchen.

Ma d'Organisatioun mécht awer net nëmmen op dës Sujeten opmierksam, mee proposéiert och Solutiounen. Och fir déi eenzel Persounen, déi méi nohalteg Alternativen fir hiren Alldag siche, huet Extinction Rebellion eng Léisung. Fir de Summer hu si zum Beispill eng Websäit kreéiert (www.vakanz2021.lu), op där si versichen, op eng witzeg Manéier ze weisen, dass Vakanze mam Auto, mam Fliger, Croisièren oder Grillpartye mat vill Fleesch net immens nohalteg sinn. A schloen amplaz e puer Manéiere fir, wéi ee seng Vakanz kéint e bësse méi nohalteg gestalten.