An eiser Rubrik Eko? Ass dach logesch! ass d'Julie Mathes haut am Bësch.

15052020EkoAssDachLogesch5

An do kéint ech laang dra bleiwen, well de Bësch ass immens wichteg fir eisen Ekosystem. A fir dass mer vu lauter Beem de Bësch nach gesinn, konzentréiere mer eis haut op d'Geschicht vum Bësch heiheem.
Et soll een net vergiessen, dass Lëtzebuerg d'Haaptstad vum Departement des forêts war, dat 1795 ënnert dem Napoléon deen Éischten entstane war. Et war ee risegt Gebitt vu Bëscher, dat sech iwwer d'Belsch, Lëtzebuerg an Däitschland erstreckt huet. Zanterhier ass vill geschitt an haut hätte mer den Numm "département des forêts" net méi verdéngt.

"De Bësch ass eise gréisste Reservoir vu Biodiversitéit. En erfëllt eng ganz Rei ekologesch Funktiounen, déi en héije Wäert hunn," steet op der Homepage vum Ëmweltministère, an dat seet alles.

De Bësch ass e wichtege Sauerstoffliwwerant, Réistoffliwwerant en huet eng ganz Rei vu Schutzfunktiounen, wéi Waasserspäicher,  Erosiounsschutz, Filter fir Stëbs a Schuedstoffer.
Et ass de Liewensraum vu ville Planzen an Déieren an et ass ee wichtegen Erhuelungsraum fir eis all.

Mee et geet dem Bësch net gutt! E leit ënnert dem Klimawandel, d'Dréchent aus de leschte Joren hunn em ferm zougesat.

Och wann an eise Géigenden en Ëmdenken an der Forstwirtschaft am Gaang ass muss een sech bewosst sinn datt de Bësch vill Zäit brauch fir sech ze regeneréieren an datt et nach ee laange Wee ass fir d' Feeler aus der Vergaangenheet auszegläichen.
E puer Zuele fir dat ze beleeën: Laut Statec waren 1986,  viru 34 Joer, 77% vun de Beem kärgesond. 2019 waren et der just nach ronn 13%. Dat ass dramatesch.
Een Drëttel vun der Fläch vu Lëtzebuerg si Bëscher, dovunner 64% Lafholz (Buchen an Eechen) a 36% Fiichten a Kiferen.  Déi meescht Problemer gëtt et den Ament an de Fiichten a Kiferbëscher wou duerch d'Dréchent an de Befall vum Borkekäfer immens fill Beem futti gaange sinn.

Wat geschitt mat eise Bëscher? Dat gesi mer d'nächst Woch an dëser Rubrik.
De ganzen Artikel a weider Informatiounen fannt der ënner: