Eis Bevëlkerung wiisst permanent. Et gëtt geschat, datt 2050 9.8 Milliarde Mënschen op der Äerd wäerte liewen. Wéi sollen all déi Mënschen ernäert ginn ouni datt d‘Ëmwelt iwwerlaascht gëtt? D‘Julie Mathes huet eng Rei Iddien erausgepléckt fir d‘ Serie „Eko? Ass dach logesch!“

31/07/2020 EkO?Assdachlogesch!15

Wuesstem heescht meeschtens; negativ Konsequenzen fir d‘ Ëmwelt. Dat muss awer net d‘Reegel sinn. An der Liewensmëttelproduktioun heescht méi produzéieren dacks méi Pestiziden, nach méi kënschtlechen Dünger a virun allem méi Agrarflächen. Eis Äerd huet awer net onendlech Plaz an duerfir musse mer eis op d‘ Sich no Alternativen maachen, déi nohalteg sinn an et awer erlaben genuch Liewensmëttel fir d‘ Bevëlkerung ze produzéieren. Dee sougenannten „Urban farming“, d‘Landwirtschaft an de Stied, läit ëmmer méi am Trend a kéint sech an Zukunft als nohalteg an effizient Alternativ duerchsetzen.

Ëmmer méi Leit liewen an de Stied, wat aus ekologescher Siicht gutt ass, well esou Transportkäschten vu Liewesmëttel gespuert ginn, den ëffentlechen Transport méi genotzt gëtt a well een a Stied dacks méi Energie-effizient ka wunnen. D’Ziel ass duerfir d’Landwirtschaft an de Stied ze bedreiwen an dobäi sou wéineg Plaz wéi méiglech ze verbrauchen. Wann een e bëssen recherchéiert gesäit een dass et schonn eng Rei vun innovative Projeten gëtt, déi probéieren genee dës Prämissen ëmzesetzen.

An der leschter Editioun vun der Zäitschrëft „ENORM“ sinn eng Rei där Projeten beschriwwe ginn.

Dee sougenannten „vertical farming“, vertikal Landwirtschaft, ass ee vun dësen neie Projeten. Wéi d’Wuert et scho seet gëtt hei net Landwirtschaft op grousser horizontaler Fläch bedriwwen mee vertikal (dir erënnert iech un déi „hängenden Gärten vu Babylon“, déi an der Antik zu de 7 Weltwonner gehéiert hunn). Nee dat heescht net datt d’Schwäin elo duerch d’Géigend fléie wäerten, mee bei dëser Method ginn an Héichhaiser op verschiddene Stäck verschidden Zorten vun Uebst a Geméis ugeplanzt. Op all Stack suergen dann déi verschidden Heiz- a Killsystemer souwéi och Bewässerungen duerfir dass dës Liewesmëttel ënner optimale Konditioune wuesse kennen. Kritiker vun dëser Technologie bemängelen awer virun allem den héije Energieverbrauch. Dës Method reduzéiert zwar d’ Transport-Emissiounen, well een dës Liewensmëttel direkt op der Plaz un d’ Konsumente verkafe kann, ma den héigen Energieopwand ass net ganz nohalteg.

Eng aner interessant Technik nennt sech „Aquaponik“ an ass eng méi ëmweltfrëndlech Alternativ zum „vertical farming“. De Begrëff Aquaponik ass eng Zesummesetzung vun Aquakultur an Hydroponik. Also d’Fëschzuucht an déi Buedem onofhängeg Liewensmëttelproduktioun. D’Ausscheedunge vun de Fësch ginn als Dünger fir d’Planze genotzt, woumat op kënschtlechen Dünger ka verzicht ginn. Dobäi kennt, dass d’Planzen net am Buedem wuessen mee am Waasser, an enger natierlecher Léisung vun Närstoffer. Esou ginn dann och erëm wäertvoll Buedemressource geschount. Dës Technik gëtt schonn a Groussstied genotzt a schéngt effizient ze sinn wéi zum Beispill de Projet „Stadtfarm“ zu Berlin, deen hei erfollegräich ass an och an anere grousse Stied an Däitschland soll ëmgesat ginn.

Eng weider nohalteg Method fir an der Stad Landwirtschaft ze bedreiwen ass op den Diech. Wann ee Stied vun uewe kuckt gesäit een extrem fill flaach Diech, déi een als Fläch kéint notzen fir Liewesmëttel ze zillen. An Amerika a Kanada gëtt et eng Rei vu Stied déi dës Méiglechkeet scho notzen, mat de Virdeeler; keng extra Ubaufläch a gënschtegen Energieverbrauch.

Et gëtt also eng Rei vu flotten innovativen Iddien fir d‘Bevëlkerung an de Stied och am Joer 2050 nach ze ernären ouni domat eis Ëmwelt ze iwwerfuerderen. Dat Eenzegt wat een brauch ass d‘ Zesummespill vun gutt duerchduecht Projeten an d’ Ënnerstëtzung vun Investisseuren, der Politik an der Gesellschaft.