Och dëse Summer, deen duerch de Coronavirus anescht wéi soss war, hu vill Leit et doheem net méi ausgehalen a sinn e puer Deeg oder Wochen an d’Vakanz gefuer. Tourismus an Nohaltegkeet sinn zwee Begrëffer déi dacks net beienee passen. An dëser Folleg vun: „Eko? Ass dach logesch“ schwätzt d’Julie Mathes iwwert déi positiv an negativ Effekter vun der Tourismusindustrie a probéiert z‘erklären wat et heescht ëmweltfrëndlech ze reesen.

28082020EkoAssDachLogesch17

Ee Croisièresschëff produzéiert am Duerchschnëtt 70.000 Tonnen Dreck. Den Tourismus weltwäit ass fir 8% vun de globalen CO2 Emissiounen responsabel. D’Lëscht vun den negativen Impakter déi den Tourismus mat sech bréngt ass laang an dat net nëmmen vun engem ekologeschen, ma och vun engem sozio-kulturelle Standpunkt. Et däerf een net vergiessen, dass den Tourismus, zemools a manner entwéckelte Länner, wesentlech zur Ekonomie bäidréit. Weltwäit maachen dat ronn 10% vum globalen PIB a 235 Milliounen Aarbechtsplazen aus. Kuerz gesot: Et geet net ouni den Tourismus. Awer net dee Massentourismus, dee sech an de leschte Jore breet gemaach huet. Et kann nämlech net sinn, dass duerch dës Industrie eis natierlech Ressourcen knapps ginn, wou eng Nuecht am Hotel ronn 30kg CO2 produzéiert an 22L Waasser op de Kapp verbraucht ginn. Et ass och liicht pervers, dass déi Industrie déi am Fong ofhängeg ass vun der Natur, denkt un d’Plagen an d’Bierger, dës awer gläichzäiteg zerstéiert an donieft déi lokal Kultur ënnerwandert. Et misst also ëmgeduecht ginn fir ee Wee ze fannen wéi een ouni kulturellen an ekologesche Schued d’Tourismusindustrie kann entwéckelen. Begrëffer wéi Oeko-tourismus, Natur-tourismus oder méi generell nohaltegen Tourismus, leien ëmmer méi am Trend. Och wann et nëmme kleng Ënnerscheeder gëtt, hu se alleguer eppes gemeinsam an dat ass een Tourismus deen den authentesche Flair vun den Destinatiounen bäibehält, d’Ëmwelt an déi natierlech Ressourcen schount an d‘ Awunner ënnerstëtzt duerch lokal Aarbechtsplazen ouni den Afloss vu grousse geldgierege Firmen, deenen déi lokal Gemeinschaften egal sinn.

Natierlech kritt een esou en Ëmdenken net vun haut op muer an d’Branche selwer zesumme mat der Politik mussen do Engagement weisen fir de Secteur ëmzeformen. Den eenzelen Tourist kann awer och säin Deel dozou bäidroen andeems een op e puer einfach Saachen virun a während der Rees oppasst. Wat den Transport ugeet, kann ee scho vill Emissiounen spueren, wann een den Zuch amplaz vum Fliger hellt. Natierlech ass dat net ëmmer méiglech mee wann et méiglech ass, soll engem bewosst sinn dass Zuch fueren 10 mol manner verbraucht wéi fléien. Wann een awer de Fliger huele muss fir op seng gewënschten Destinatioun ze reesen, soll ee sech schlau maachen an CO2 offsets oder Klimakompensatioune kafen wann een e Fluch bucht. An der Vakanz, kann ee sech zum Beispill ee Vëlo amplaz en Auto lounen. Et huet ee jo an der Vakanz endlech Zäit a mam Vëlo oder ze Fouss gesäit een dacks vill méi vun der Géigend wéi mam Auto. Als ëmweltbewossten Tourist ass et awer och wichteg lokal a saisonal Produiten ze kafen. Dës sinn dacks net nëmme besser am Goût, mee och gutt fir d’Ëmwelt an déi lokal Produzenten. Ee leschten Tipp fir mat op de Wee ass am Viraus plangen, wou een higeet, wéi d’Kulturen an d’Traditiounen hei sinn a wou een eng Schloofplaz kritt, déi ëmweltfrëndlech ass. Et fënnt ee mëttlerweil um Internet genuch Informatiounen iwwert oeko-frëndlech Hotellen, Campingen oder Air BnB’s. Et muss ee just e bësse Recherche maachen an dobäi huet een da schonn d’Virfreed op d’Vakanz.