Et gëtt permanent driwwer geschwat an awer weess kaum een wat et richteg heescht a wat e mat sech bréngt, de Klimawandel. D’Julie Mathes mam Versuch vun enger Erklärung.

11092020EkoAssDachLogesch18

Wann iwwer Klimawandel Rieds geet associéiere mer dat meeschtens mat Biller vum Äis dat schmëlzt, heftegen Iwwerschwemmungen an dramatesche Bëschbränn. Dëst sinn alles kloer Zeechen, dass d’Klima sech verännert. Ma wéi probéieren d‘Wëssenschaftler dee Klimawandel dann ze beleeën?

Den natierlechen „Zäreneffekt“ ass deene meeschte Leit ee Begrëff. Dësen entsteet wann d‘ Sonnestralen vun der Äerd reflektéiert ginn an dann op d’ Zäregasen, wéi zum Beispill Kuelestoff a Methan treffen. Dës Dreiwgasen wierke wéi eng Decken an halen d’Hëtzt an der Atmosphär an nëmmen doduerch bleift et waarm op der Äerd. An anere Wieder: ouni dësen natierlechen Zäreneffekt wär kee Liewe méiglech op eisem Planéit. Et ass wichteg ze wëssen, dass dës Dreiwgasen sech iwwert eng ganz laang Zäit an der Atmosphär halen an heiranner läit och den Haaptproblem.
Mir Mënschen hunn et nämlech fäerdeg bruecht duerch d’Industrialiséierung an de leschten 150 Joren zousätzlech Dreiwgasen an d‘Atmosphär ze blosen. D’Verbrenne vu fossille Brennstoffer fir d’Produktioun vun Elektrizitéit an Heizung, Methan den an der Véihzuucht fräigesat gëtt, sinn nëmmen e puer Beispiller vun dësen zousätzlechen Dreiwgasen, déi mir Mënschen an d’ Atmosphär entloossen an doduerch den natierlechen Zäreneffekt extrem verstäerken.

Dobäi kennt, dass d’Bëscher ofgeholzt gi fir Konstruktiounsholz, Cellulose oder fir der Landwirtschaft Plaz ze maachen; wat mat sech bréngt, datt fill manner Kuelestoff ka gebonne ginn, deen da fräi an der Atmosphär bleift, ee weidere Facteur fir datt d’Hëtzt ënnert der Decken vun den Zäregasen hänke bleift.

An de lëschte 40 Joer war all Joerzéngt méi waarm wéi dat virdrun an et gi Summer fir Summer iwwerall Hëtztrekorder gemooss. D’ Bëschbränn an Australien ugangs dës Joers an déi aktuell Bëschbränn a Kalifornien sinn ënner anerem Konsequenzen vun den ëmmer méi laangen Drëcheperioden.
Ville schéngt nach ëmmer net bewosst ze sinn wat dat alles mat sech bréngt wa global d‘Temperaturen ëm e puer Grad klammen. D‘ Wëssenschaftler si sech awer eens, dass wa mer d‘ Belaaschtungsgrenz vun eisem Planéit bis erreecht hunn, sämtleche Ekosystemer staark wäerte leiden oder ganz zesumme briechen.
Dat bréngt mat sech, datt no an no Spezien ausstierwen, well se sech net upasse kënnen, datt de Mieresspigel weider klëmmt well d‘ Polaräis schmëlzt an zu gudder Läscht féiert et zu globale Migratioune vu Mënschen déi op der Sich no engem neie Liewensraum sinn well se bäi sech doheem keng Iwwerliewenschance méi hunn.
D’ Zukunftsperspektiven sinn net roseg an dofir gëtt et héich Zäit, dass mer eis Klimaziler esou séier wéi méiglech erreechen. Een dréngend Haaptzil ass, datt mer d‘ Kéier an der Energiewirtschaft kréien!
Dat ass dann och d‘ Thema vun der nächster Kéier „Eko ass dach logesch“!