Weltwäit betoune Wëssenschaftler, Klimafuerscher an Ëmweltaktivisten dass et héich Zäit gëtt ze handelen fir de Klimawandel ze bremsen. Ee méigleche Wee ass eng CO2 Steier anzeféieren. Wat ass dat? A wat halen d’Leit heivun? D’Julie Mathes mam Blog Eko? Ass dach logesch! 

CO2 Steier

D’Co2 Steier ass eng Besteierung vun CO2 Emissiounen déi bei verschiddene Prozesser ausgestouss ginn. Wéi déi meescht wëssen ass d’Reduzéiere vum CO2 ee vun de wichtegsten Zieler fir de Klimawandel ze bremsen an esou d’Klimakris ze bekämpfen. Aus deem Grond ass eng CO2 Steier eng potentiell Léisung fir dës Zieler ze areechen. Wat dat genee bedeit, erkläert eis d’Directrice vum Mouveco, Blanche Weber.

Aus ekonomescher Siicht respektiv aus ekologescher Siicht geet et einfach drëm fir de reelle Präis erëmzespigelen. Et ass jo einfach elo sou dass déi Schied déi entstinn duerch den CO2 also virun allem d'Klimaverännerungen, d'Klimakris, dass déi vun eis als Gesellschaft iwwerholl ginn. Ma se si gewalteg déi Käschten, och bei eis ass d'Klimakris jo ukomm, Stierm, Iwwerschwemmungen, Dürren an esou weider an an anere Länner am Süden vun dëser Welt ass et jo nach vill méi dramatesch. An et gëtt hei einfach gesot, dee jéineschen, deen dat emittéiert, dee soll och ee gerechte Präis bezuele fir dass net alles op d'Gesellschaft refouléiert gëtt.

Donieft solle mat dëser CO2 Steier Alternative, wéi Zuch a Bus gefërdert ginn an en Ureiz geschaaft gi fir dass d’Leit éischter op den ëffentlechen Transport ëmklammen. Fir erauszefanne wat d’Leit vun esou enger CO2 Steier halen, huet d’Ilres am Oktober d’läscht Joer eng Ëmfro am Optrag vum Mouveco gemaach. Och wann 55% an domat d’ Majoritéit vun de Befroten dofir ass, geet dat net duer esou d’Directrice. D’Regierung misst hei besser informéieren an och méi kloer betounen, dass dës CO2 Steier virun allem eiser Ëmwelt hëllefe soll!

Mir hunn eng Majoritéit an dëser Gesellschaft, déi fir déi CO2 Steier ass, mee et muss een awer soen, dass déi Majoritéit eis net duer geet an dass mer scho mengen, dass eng Regierung awer d'Obligatioun elo huet nach vill méi ze informéiere wat déi CO2 Steier bréngt, wisou Wëssenschaftler Fachleit sinn, déi soen dass mer net dolaanscht kommen, wat sinn d'Auswierkunge vun der Steier. Mir mengen, dass d'Regierung schonn informéiert huet, mee dass do nach muss nogeluecht ginn.

Et gesäit een also, dass eis Gesellschaft bereet wär Gewunnechten ze änneren an deemno wéi och méi ze bezuele fir d’Klimakris ze bekämpfen. Hei ass et duerfir awer och immens wichteg dee sozialen Ausgläich ze berécksiichtegen.

Zum Beispill ass et jo kloer, dass Masutt méi besteiert gëtt. Jo, et ass duerfir wichteg, dass Leit déi elo nach Mazuttheizungen hunn, a vläicht manner Suen hunn, massiv ze begleeden an ze ënnerstëtzen, dass se kënnen hir Masuttheizungen ersetzen. Jo, et ass och onerlässleg, dass den ëffentlechen Transport nach méi attraktiv gëtt. Et gëtt dru geschafft, ma et muss nach vill méi dru geschafft ginn. Virun allem Optimiséierung vum Busreseau queesch iwwert d'Land. Dat ass fir eis zentral an dann awer och dass een Deel vun de Gelder u finanzschwaach Haushälter zeréckbezuelt gëtt. Et ass kloer, et kënnt een net laanscht eng Belaaschtung. Vill vun eis fueren iergendwann Auto, jidderee vun eis hëtzt, dat heescht et wäert eng zousätzlech Belaaschtung fir all Haushalt ginn. Mee fir déi eng Leit sinn 100 Euro am Joer problemlos ze bewältegen a fir aner Leit ass dat eng zousätzlech Belaaschtung, déi awer schwéier ze stemmen ass. An dofir brauch een och ee sozialen Ausgläich fir déi Leit.