Dacks gëtt ugeholl, dass Klimawandel nëmme bedeit, dass et méi waarm gëtt op eisem Planéit. Dat ass awer net déi ganz Erklärung. De Klimawandel bréngt nämlech och mat sech, datt den Nidderschlag sech verännert an domadder och d’Iwwerschwemmungsgefor klëmmt. D’Julie Mathes huet sech Gedanken zum Héichwaasser an dem Klimawandel gemaach.

15/07/2021 Héichwaasser a Klimwandel (ONLINE)

Fir unzefänken, musse mer en Ënnerscheed maachen tëscht Flosshéichwaasser an Héichwaasser, dat duerch staarke Reen lokal entsteet an dacks vu schroen Donnerwieder ausgeléist gëtt.

Beim zweete Fall gëtt et e kloren Zesummenhang tëscht Klimawandel an Héichwaasser. Wëssenschaftler wëssen, dass méi Zäregas eis Atmosphär erwiermen, déi doropshin méi Waasser späichere kann. Doduerch huet d’Athmosphär e méi grousst Potential fir staarken Nidderschlag auszeléisen, deen dann zu Iwwerschwemmunge féiert.

Bei Flossiwwerschwemmungen, kann een den Zesummenhang mam Klimawandel net esou direkt feststellen. Dëst ass éischter en Zesummespill vu Verännerungen am Nidderschlag, der Waassereverdonschtung, der Buedemfiichtegkeet oder Verännerunge vum Grondwaasserspigel. Dacks kann och de Schnéi vum leschte Wanter hei eng Roll spillen. Also vill Prozesser, déi hei een Effekt kennen hunn a wou den Zesummenhang net ëmmer ganz däitlech ass.

Wat awer gewosst ass, ass, dass d'Infrastrukturen, wéi Dämm oder Flossmaueren de Risiko vun Iwwerschwemmungen an Héichwaasser vergréissere kënnen. Wëssenschaftler hu festgestallt, dass vill Infrastrukturen, déi am Ufank Iwwerschwemmunge verréngere sollten, zum Géigendeel gefouert hunn. Dat ass virun allem well d’Flëss net méi genuch Plaz hu fir sech auszebreeden. De Problem hei ass, dass enk Flëss méi schnell fléissen a wann et vill reent, dann och méi séier iwwerschwemmen. Et muss een duerfir déi ganz Approche änneren an net duerch Infrastrukturen eleng probéieren de Risiko vun Iwwerschwemmunge virzebeugen.

An Holland gëtt zum Beispill intensiv un engem neie Konzept geschafft, wat iwwersat “Méi Plaz fir de Floss” heescht. Dëst bedeit fir Infrastrukture, wéi zum Beispill Schutzmaueren laanscht d’Flëss, méi wäit fort vum Floss ze bauen, fir hei dem Floss méi Plaz ze maachen. Donieft ass et wichteg natierlech Iwwerschwemmungsgebitter bei de Flëss unzeleeën. Dëst schützt net nëmmen Haiser an Dierfer vun den Iwwerschwemmungen, mee schaaft an engems Liewensraum fir verschidden Déieren a Planzen.

Et ass gewosst dass Flëss, déi hirer natierlech Form noginn, d’Waasserqualitéit verbesseren, d’Biodiversitéit beräicheren an de Risiko vun Iwwerschwemmunge verréngeren.

Mat de Pronosticke vum Klimawandel kann een also erwaarden, dass an der Zukunft den Nidderschlag méi dacks, méi staark gëtt an duerfir ass et wichteg hei nohalteg Solutiounen ze fannen, déi de Risiko vun Iwwerschwemmunge verréngeren an an engems d’Biodiversitéit schützen.