Spéitstens zanter dem Ufank vun der Walcampagne e Méindeg héiert a gesäit ee Politiker nach méi wéi soss. Ma wat soen aner Secteuren?

AUDIO: Face-à-face: UEL-President Wurth - CGFP-President Wolff

Fir de Privatsecteur ass d’Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit déi wichtegst Aufgab vun der nächster Regierung, fir den ëffentlechen Déngscht ass et d’Ofschafe vun der Steierklass 1A. Dat soten de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP, de Romain Wolff, an de President vun der Union des Entreprises UEL, de Michel Würth e Mëttwoch de Moien am Face-à-Face hei op der Antenne. Wat d'Digitalisatioun ugeet, war ee sech eens, datt dëst eng Erausfuerderung fir d'Betriber a fir de Staat ass.

D'Digitalisatioun wier eng Chance, seet de President vun der CGFP Romain Wolff, mee et géingen och eng Partie Aarbechtsplazen ewech falen - et misst een oppassen, datt net ze vill Leit op der Stréck bleiwen.

Lëtzebuerg bräicht Produktivitéitsgewënner an dat iwwerall an der Wirtschaft, betount de President vun der UEL Michel Würth.

Fir de Romain Wolff gëtt et eng fundamental Differenz tëscht dem ëffentlechen Déngscht a privaten Entreprisen. Béid Secteure soll een net opposéieren, mengt de Michel Würth.

Wat d'Gläichgewiicht tëscht ëffentlechen a privatem Secteur ugeet, géinge Leit am privaten ausgebilt ginn, an da bei de Staat oder eng Gemeng goen, seet de Romain Wolff an nennt e Beispill: A menger Famill ass een Elektriker a schafft zanter 12 Joer beim nämmlechte Patron a verdéngt nach ëmmer keen Cent méi, wéi de Mindestloun. Ass dat normal? An da wonnert ee sech, wann déi Leit op eemol soen, ma da ginn ech alt emol kucken, fir bei Staat a Gemeng ënner ze kommen. 

Wat d'Chamberwalen ugeet, freeë sech béid Invitéeën op en interessante Walkampf. Dem Romain Wolff no ass et eng kuerz Campagne, an d'hätt een nëmme kuerz Zäit sech d'Programmer am Detail unzekucken. De Michel Würth huet ënnerstrach, datt de qualitative Wuesstem weider eng wichteg Fro wier, bei där et drëm goe géing, d'Weichen fir d'Zukunft vum Land ze stellen.

AUDIO: Resumé Face-à-face / Reportage Claudia Kollwelter

De Face-à-face e Mëttwoch géint 10 op 8 live op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay ze fannen ass.