An engem Face-à-face hu mer d’Propose vun déi Lénk an der Kommunistescher Partei an der Sozial- a Familljepolitik matenee konfrontéiert.

Si situéiere sech lénks vun der LSAP a sinn, eegenen Aussoen no engagéiert fir Verännerung, respektiv Symbol vun enger konsequente Oppositiounspolitik.

E Mëttwoch de Moie stounge sech d’Spriecherin vun déi Lénk Carole Thoma an de KPL-Spëtzekandidat Ali Ruckert am Sträitgespréich géintiwwer, wou déi zwee Kandidaten och d’Méiglechkeet kruten, déi aktuell Politik ze kommentéieren.

Wou leien d'Differenzen tëscht den zwou lénken Oppositiounsparteien a wat eent se? Dat wollte mer wëssen.

AUDIO: Face-à-face: Carole Thoma vs Ali Ruckert

De Face-à-face géint 10 op 8 live op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay ze fannen ass.