Op ville Punkte ware sech den Inneminister Dan Kersch an de grénge Parteipresident Christian Kmiotek um Freideg de Moien am Face-à-face eens.

Nobesserunge beim Spëtzesteiersaz, Erhéijunge vum Mindestloun, Ofschafe vun der Steierklass 1A am ënneschte Beräich, an d'Reform vun der Grondsteier. Op ville Punkte ware sech den Inneminister Dan Kersch an de grénge Parteipresident Christian Kmiotek um Freideg de Moien am leschte Face-à-face hei op der Antenne iwwert d'Sozialpolitik, eens.

Beim Mindestloun sti béid Parteie fir eng Erhéijung. Mä wou et bei de Gréngen keng konkret Rechnung gëtt, ëm weivill de Mindestloun soll an d'Luucht goen, schwätzt d'LSAP do vun 100 Euro Netto, fir datt d'Leit net ënnert d'Aarmutsgrenz géife falen. Ma wou sollen déi Suen fir eng Erhéijung vum Mindestloun hierkommen? Do ass et um Staat fir z'intervenéieren, erkläert de Christian Kmiotek.

AUDIO: De Christian Kmiotek

A Propos Steiertabell: Wat d'Steierklass 1A ugeet, soll déi reforméiert ginn, mä net komplett ofgeschaf ginn. D'Fuerderung fir se ganz z'eliminéiere wier populistesch. Vill méi, soll se fir déi Leit net méi gëllen, déi drënner leiden, dat wieren zum Beispill Monoparentauxe mat Kanner.

Bei de Rente ware sech déi zwee Invitéen eens, datt do nei Finanzéierungsmodeller missten opgemaach ginn. Zum Beispill, datt een och hei Dividenden an d'Besteierung um Kapital berécksiichtegt. Allerdéngs géif et näischt notzen, fir de Leit Angscht ze man. Dat huet och den Inneminister Dan Kersch betount.

AUDIO: Den Dan Kersch

A Propos Aarbechtszäitverkierzung, do huet sech de Christian Kmiotek dofir ausgeschwat, hei misst awer jee no Secteur gekuckt ginn. Dës Verkierzunge géifen nämlech net an all Branche gläich gutt kënnen agefouert ginn.

Replay vum komplette Face-à-face

AUDIO: De komplette Face-à-face: Dan Kersch vs Christian Kmiotek

Christian Kmiotek erënnert sech net u seng eege Wierder

Freideg de Moien am Face-à-face hu sech béid Parteien wéi gesot op enger Linn gewisen, wat d’Iddi vun der Steierklass1a ugeet an de Mindestloun steierfräi ze maachen. Ma nach um Kongress Enn Juni zu Jonglënster vun de Gréngen, huet de Christian Kmiotek a senger Ried gemengt:

"Ech ka mech jiddwerfalls nach ganz gutt drun erënneren, datt mir gréng an de Verhandlungen zu der Steierreform deenen zwou anere Parteien detailléiert Statistiken zum Aarmutsrisiko vun den Allengerzéier virgeluecht hunn. Mee mir krute keng Ënnerstëtzung vun der LSAP weder bei der Diskussioun iwwer d’Steierklass 1A, nach bei der Iddi de Mindestloun steierfräi ze stellen."

AUDIO: Ausso vum Christian Kmiotek den 30. Juni 2018

E Freideg de Moien op der Antenne, huet de grénge Parteipresident awer erkläert, ni behaapt ze hunn, datt d’Sozialisten déi Gréng an dëse Froen net ënnerstëtzt hätten.

AUDIO: De Christian Kmiotek dementéiert formell am Face-à-face

De Face-à-face géint 10 op 8 live op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay ze fannen ass.